Berneau
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Berneau | |
Land : | Belsch |
---|---|
Regioun : | Wallounien |
Provënz : | Léck |
Arrondissement : | Léck |
Gemeng : | Dalhem |
Fläch : | 319 |
Awunner : | 694 (2004) |
Koordinaten : | 50° 44’ 33’’ N 05° 43’ 50’’ O |
Berneau op Wallounesch Biernauw ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Dalhem, an der Provënz Léck, a Wallounien.
Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Berneau eng eegestänneg Gemeng.
[Änneren] Geographie
Berneau läit am Dall vun der Berwinne op enger Héicht vu 85 Meter. D'Uertschaft ass un de Verkéier ugeschloss iwwer d'Nationalstroossen N608 an N627, an iwwer e Wee deen op Fouron-le-Comte féiert. Duierch d'Uertschaft leeft d'SNCB-Linn 24, déi do op engem ronn 250 Meter laange Viaduc iwwer den Dall vun der Berwinne féiert.
[Änneren] Geschichtleches
Berneau ass an der Réimerzäit als Aarbechterduerf enstanen, well do an der Géigend ënner dem Buedem no Bläi gesicht gouf. Alles wat doderbäi aus dem Buedem ausgegruef gouf, gouf op e Maximum exploitéiert, mat dem Leem goufe keramesch Wuere fabrizéiert, d'Steng goufe fir den Hausbau benotzt a wann se grouss a regelméisseg genuch waren, goufe Schläifsteng a Muelsténg erausgeha. Déi néideg Liewensmëttel koume vun e puer groussen Häff déi an der Géigend vu Fouron-le-Comte, um Lieu-dit Le Pireux, zu Visé um Lieu-dit La Longue Vue, an zu Bombaye op der Plaz vun der Villa Michel stoungen.
Ongeféier vum 5. Joerhonnert un, huet Berneau zu den Onze Bans vun der Collégiale Saint-Servais vu Maastricht gehéeirt, a stoung doduerch ënner der Herrschaft vum däitsche Keeser.
Vun 1081 un gehéiert Berneau dem dem Grof vun Dalhem, a vun 1244 un kënnt Grofschaft an d'Hänn vun de Brabänner, déi sech 1288 och d'Herzogtum Limburg ënner den Nol rappen.
D'Kierch vu Berneau déi engem vun den dräi Äishellegen , dem Hl. Servais geweit ass, gëtt fir d'éischt 1297 ernimmt.
Ëm 1312 heescht d'Uertschaft Berne, duerno Bern a Bernauw, a schlisslech Berneau. D'adleg Famill de Berneau déi vun do koum huet am Laf vun der Zäit dem Prenzefürstentum Léck en etlech Notabilitéite ëm 1337 geliwwert, an ee Member vun der Famill war 1331, Buergermeeschter vu Léck.
1396 huet d'Jeanne vu Brabant d'Herrschschaft Limburg zu deeër d'Herzogtum Limburg an déi dräi Länner déisäit der Meuse, d'Pays d'Outre-Meuse gehéiert hunn, dem Philipp dem Kéngen sengem Bouf dem Tun vu Brabant verschriwwen, deen awer eréischt no hirem Dout 1406, an de Genoss dervunner koum.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Den Eisebunnsviaduc.