Beootmungsapparat
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Beotmungsapparat oder Oxylog ass en Apparat, deen agesat gëtt, wann e Patient bewosstlos ass an/oder schlecht otemt.
Wann de Patient an der Lag ass ze otmen, déngt en Oxylog dozou, him Sauerstoff (Oxygène) iwwer eng Mask oder Sond ze ginn. Wann de Patient net otme kann, kann een hien intubéieren, dat heescht, en Tube an d'Loftröhr (Trachée) aféiren, an hie sou forcéieren, ze ootmen. Modern Apparater pompelen dobäi net nëmme blann, mee passen hir Aarbecht, wéi zum Beispill, de Sauerstoffgehalt ze doséieren, permanent un. Si ersetzen u sech d'Beotme mam Ambu- oder Beootmungssak, mat deem duerch manuellen Drock Loft an d'Longen gepresst gëtt. Ausserdeem gëtt duerch Intubatioun ausgeschloss, datt ee Loft an de Mo pompelt, oder datt de Patient un Erbrachenem kéint erstécken.