Aigyptos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Aigyptos (gr. Αίγυπτος, lat. Aegyptus) war an der griichescher Mythologie de Jong vum Belos, Brudder vum Danaos. Hien huet iwwert d'Melampoden "Schwaarzféiss" gewonnen an säi nei gegrënntent Räich Egypten benannt.
[Änneren] Mythos
Den Aigyptos huet dem Danaos seng 50 Duechteren (Danaïden) gezwonge seng eege 50 Jongen ze bestueden. Mat Rot an Hëllef vun hierem Papp ass ent den Danaïden awer gelongen hier Männer an der Hochzäitsnuecht ëmzebréngen. Nëmmen een, de Lynkeus, huet iwwerlieft.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |