See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Achilleus - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Achilleus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De rosenen Achilleus, gemoolt vum Léon Benouville
De rosenen Achilleus, gemoolt vum Léon Benouville

Den Achilleus (gr. Aχιλλεύς, Akhilleús)) war an der griichescher Mythologie de Jong vum Peleus an der Miernymph Thetis. Als Kand vun engem mënschleche Papp an enger gëttlecher Mamm war hie stierflech, mee seng Mamm huet awer versicht en onverwondbar ze maachen an huet en als Puppelchen an de Styx gezappt. Just déi Plaz un der se en ugehalen huet, d'Feescht, ass net vum Waasser benetzt ginn a war dofir déi eenzeg Plaz un der den Achilleus konnt verwond ginn.

Wéi d'Achaier ënner Féierung vum Agamemmnon hiere Krichszuch géint Troja virbereet hunn huet dem Achilles seng Mamm versicht hien ze verstoppen well hien no enger Virausso vum "Seher" Kalchas entweder bei Troja géif falen, oder e laangt a langweilegt Liewe féiere géif. Si huet en als Meedche verkleet an e bei den Duechtere vum Lykomedes op Syros ënnerbruecht, vun deenen e spéider och eng d'Deidameia bestued a mat him de Neoptolemos kritt huet.

De Phoinix ass zum Erzéier vum Achilleus bestëmmt ginn. Den Achilleus ass zesumme mam Patroklos, sengem engste Frënd an eelere Cousin, opgewuess, an huet sech zu engem vun de stäerksten a wëllste Kämpfer entwéckelt. Den Homer nennt e meescht dee "Schnellféissegen".

Am Trojanesche Krich huet en d'Myrmidonen, bzw. d'Thessalier ugefouert. Virun Troja huet den Achilleus eng sëllechen Heldendoten vollbruecht, huet sech awer dunn no engem Sträit ëm d'Sklavin Briseis vum Kampf zréckgezunn. Well d'Griichen elo dem Achilleus seng Ënnerstëtzung net méi haten, hu si eng Schluecht no däer anerer verluer. Souguer wou den Odysseus, den Ajax an de Phoenix den Achilleus opgesicht an him héich Entschiedegungen ugebueden hunn, war hien net dozou ze bréngen zréck ze kommen. E war awer domat averstan, datt de Patroklos a senger Plaz (mat senger Rüstung a senge Waffen) sollt kämpfen.

Mee schonn een Dag drop gëtt de Patroklos vum Hektor, an der Meenung et wier den Achilleus, ëmbruecht. D'Rüstung an d'Waffen hëllt den Hektor als Trophée mat. Rosen an erniddregt kënnt den Achilleus zréck fir säi Frënd ze rächen a massakréiert den Hektor. Eréischt nodeems dem Hektor säi Papp Priamos, de Kinnek vun Troja, agegraff huet, huet den Achilleus d'Läich eraus ginn fir datt hien e konnt begruewen.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -