Stommfilm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Als Stommfilm ginn zënter dem Opkomme vum Tounfilm an den 1920er Jore Kinofilmer ouni synchron Tounspur bezeechent.
De (Stomm-) Film ass um Enn vum 19. Joerhonnert a Westeuropa entstanen. De franséischen Erfinder Louis Le Prince (* 1842 zu Metz) huet de 14. Oktober 1888 den éischte Film vun der Geschicht gedréint. 1926 huet Warner Bros. deen éischten, deelweis synchroniséierte Film (Don Juan) realiséiert.
D'Opféierung vu Stommfilmer gouf an der Regel duerch aner Aktivitéiten ergänzt, sou z.B.:
- Musek: Orchester, Piano bzw. Pianola, Grammophon;
- Stëmm: eng Persoun huet während der Opféierung Erklärungen zum Film ginn;
- Texter: Et goufen Texttafele mat Dialogen oder Erklärungen iwwert dat wat geschitt gewisen. Spéider goufen dës Texter an de Film integréiert.
Well de Gros vun der Handlung kloer vun de Biller ofgeleet huet musse ginn, hunn d'Acteure mussen hir Gestik betounen, wat hautesdaags dacks als iwwerdriwwen opgeholl gëtt (de sougenannten "over-acting").
De grousse Virdeel vum Stommfilm war seng Universalitéit, hie konnt iwwerall onofhängeg vun der Sprooch verstane ginn.
Ee vun deenen eelste lëtzebuergesche Stommfilmer ass "Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier", 1907 vum Peter Marzen a Wendel Marzen realiséiert.
Bekannte Produzente vu Stommfilmer sinn z.B. den Thomas Edison, de Buster Keaton an den Charlie Chaplin.
[Änneren] Filmbeispiller
[Änneren] Kuckt och
- Film
- Geschicht vum Film
- Lëtzebuergesche Film
- Ancien Cinéma zu Veianen, an deem regelméisseg Stommfilmer gewise ginn.