Marcel Ernzer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Marcel Ernzer war e lëtzebuergesche Vëlosportler. Niewt senge sportlechen Erfolleger war hien virun allem als einfachen a frëndleche Mënsch bekannt an geschat. Duerch säi Wiesen a seng Perséinlechkeet huet hien de Lëtzebuerger Vëlosport markéiert.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
De Marcel Ernzer ass den 23. Mäerz 1926 zu Esch-Uelzecht op d'Welt komm. Seng Elteren, de Jean Ernzer an d'Marie Dams, hun zu Réimech e Kino bedriwwen, wou de Marcel an d'Primärschoul gaangen ass. Duerno huet hien an der Stad an enger Bäckerei geschafft.
Méi spéit ass hien op d'Rodanger Schmelz komm, wou hien an de Wanterméint geschafft huet an am Summer Spezialcongé krut fir Vëloscoursen ze fueren. Als 3. vu 5 Kanner huet hien un der Säit vu sengem eelere Brudder Jos seng Passioun fir de Vëlosport entdeckt. Hie war nach ganz jonk wéi hie seng Lizenz beim "VC Pignon" zu Bouneweg kritt huet. Hien war an dësem Club vun 1943 bis 1961. 1962 (a sengem leschten Joër als Coureur) hat hien eng Lizenz bei der UC Dippech.
De Marcel Ernzer ass den 1. Abrëll 2003 gestuerwen.
[Änneren] Palmarès
[Änneren] 1949
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Indépendantën)
- 3. am Tour de Luxembourg
- 9. am Tour de Suisse
- 3. an der 3. Etapp vun Davos op Ascona (201 km)
[Änneren] 1950
- 2. am Circuit des Six Provinces
- 2. an der Polymultipliée
- 8. am Tour de Luxembourg
- 15. am Grand Prix du Midi Libre
[Änneren] 1951
- 1. am Circuit des Six Provinces
- 1. am Tour de Luxembourg
[Änneren] 1952
- 13. a Paris - Tours
[Änneren] 1953
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
- 6. am Grand Prix du Midi Libre
- 18. am Tour de France
- 33. am Critérium du Dauphiné Libéré
[Änneren] 1954
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
- 1. a Liège - Bastogne - Liège
- 3. am Tour de Luxembourg
- 5. an der Flèche Wallonne
- 20. a Paris - Tours
- 37. am Critérium du Dauphiné Libéré
- 52. a Paris - Bruxelles
- 62. am Giro di Lombardia
[Änneren] 1955
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss a Form vun engem Zäitfueren (Kategorie Professionnel)
- 2. am Tour de Luxembourg
- 2. am Tour de l'Oise
- 2. am Tour de Belgique
- 7. a Liège - Bastogne - Liège
- 18. am Tour de Suisse
- 4. an der 1. Etapp vun Zürich op Baden (218 km)
- 4. an der 6. Etapp vu Locarno op Bad Ragaz (188 km)
- 1. an der 7. Etapp vu Bad Ragaz op Luzern (235 km)
- 31. a Paris - Bruxelles
[Änneren] 1956
- 4. am Tour de Luxembourg
- 11. a Paris - Bruxelles
- 51. am Tour de France
[Änneren] 1957
- 7. am Tour de Luxembourg
- 15. an der Flèche Wallonne
- 18. a Liège - Bastogne - Liège
- 37. a Paris - Bruxelles
- 43. a Gent - Wevelgem
- 45. am Giro d'Italia
[Änneren] 1958
- 7. a Liège - Bastogne - Liège
- 14. am Tour de Luxembourg
- 16. am Tour de France
- 4. an der 5. Etapp
- 31. an der Flèche Wallonne
- 33. am Giro d'Italia
[Änneren] 1959
- 4. a Liège - Bastogne - Liège
- 11. am Tour de Luxembourg
- 33. am Tour de France
- 41. am Giro d'Italia
[Änneren] 1960
- 1. am Tour de Luxembourg
- 57. am Giro d'Italia
[Änneren] 1961
- 2. am Tour de Luxembourg
- 17. am Tour de Romandie
- 37. am Tour de France
[Änneren] 1962
- 13. am Tour de Luxembourg
- 22. am Tour de Romandie
[Änneren] Kuckt och
- Charly Gaul (fir deen de Marcel Ernzer am Tour de France vill gemeet huet)