Helmuth Johannes Ludwig von Moltke
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Helmuth Johannes Ludwig von Moltke och alt Helmuth von Moltke de Jéngeren, gebuer de 25. Mee 1848 zu Gersdorf, a gestuerwen den 18. Juni 1916 zu Berlin war en däitsche Generaloberst an 1914 um Ufank vum Éischte Weltkrich de Chef vum däitschen État-major.
No der Néierlag vun de Preisen an der éischter Schluecht vun der Marne, dem Miracle de la Marne vir d'Franzousen, gouf e vum Falkenhayn ofgeléist . Hie wor en Neveu vum Helmuth von Moltke den Eeleren, deen zu Königgrätz an zu Sedan gewonnen hat.