Fënneft Republik
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Fënneft Repbublik (fr: Cinquième République) ass de republikanesche Regime deen a Frankräich zënter dem 5. Oktober 1958 a Kraaft ass. Si ass d'Noflogerin vun der Véierter Republik déi 1946 agefouert gouf.
[Änneren] Geschicht
Wéi de Charles de Gaulle den 1. Juni 1958 Président du Conseil gouf huet hien eng Equipe ënner der Leedung vum Michel Debré op d'Bee gesat fir e Projet fir eng nei Constitutioun auszeschaffen. Dëse Projet gouf 28. September 1958 duerch Referendum ugeholl a gouf d' Constitutioun vum 4. Oktober 1958, och nach Constitutioun vun der fënnefter Republik genannt.
[Änneren] Presidente vun der fënnefter Republik
Numm | Liewen | Mandat |
---|---|---|
Charles de Gaulle | 1890-1970 | 1959-1969 |
Alain Poher | 1909-1996 | 1969 |
Georges Pompidou | 1911-1974 | 1969-1974 |
Alain Poher | 1909-1996 | 1974 |
Valéry Giscard d'Estaing | 1926- | 1974-1981 |
François Mitterrand | 1916-1996 | 1981-1995 |
Jacques Chirac | 1932- | 1995- 2007 |
Nicolas Sarkozy | 1955- | 2007- |