Antonio Vivaldi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Antonio Vivaldi, gebuer de 4. Mäerz 1678 zu Venedeg a gestuerwen den 28. Juli 1741 zu Wien, war en italienesche Paschtouer, Violinist a Komponist.
Am Ufank huet de Vivaldi an der Markuskierch zu Venedeg Gei gespillt an 1703 gouf hien zum Priester geweit. 1716 huet hien d'Leedung vum Conservatorio della Pietà, engem Weesenhaus fir Meedercher, dat fir säin Orchester a seng Sängerinne berühmt gouf, iwwerholl. Hien huet do bis 1740 als Dirigent, Hauskomponist a Professer fir Gei geschafft.
Commons: Antonio Vivaldi – Biller, Videoen oder Audiodateien |