Antoine Meyer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Antoine Meyer gebuer den 31. Mee 1801 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 29. Abrëll 1857, war e lëtzebuergesche Mathematiksprofesser an Auteur vun ë.a. dem éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus, dat 1829 erauskoum.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Liewen a Wierk
Den Antoine Meyer goung an der Stad an de Kolléisch an dono op Léck fir Mathematik ze studéieren. 1832 huet hien en Doktorat zu Léiwen gemaach a gouf 1849 Professer fir Mathematik op der Universitéit zu Léck.
Obwuel en déi meeschten Zäit an der Belsch verbruecht huet, kënnt him de Verdéngscht zou, 1829 dat éischt Buch op Lëtzebuergesch geschriwwen ze hunn, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus. D'Virwuert ass op de 4. September datéiert.
Wéi de Johann Wolfgang von Goethe 1798 a senger Kantat Sängerwürde/Deutscher Parnaß, wollt och de Meyer e Schratt op de Lëtzebuerger Muse-Bierg Parnassos maachen. Domat huet en d'Fro opgeworf, ob deen neien, klengen Nationalstat net och eng eege kleng Nationalsprooch bräicht. Säi Buch kann een deemno an direkter Linn an déi romantesch Traditioun areien, wou den Intressi fir d'Vollekssprooch eng wichteg Roll gespillt huet.
Well dëst dat éischt Buch iwwerhaapt op Lëtzebuergesch war, huet de Meyer eng eegen Orthographie a Grammaire missen erfannen. 1832 huet hien zu Léiwen nach e klengt Bichelchen Jong vum Schrek op de' Letzeburger Parnassus, drécke gelooss, ma en huet geklot, datt nëmme 37 Leit et bestallt haten. Trotzdeem huet en 1845 seng Gedichter zesumme mat neien nach eng Kéier erausginn als Luxemburgische Gedichte und Fabeln. 1853 koum Oilzegt-Klang (Uelzecht-Klang) no an 1854 nach e kuerzt Règelbüchelchen vum Lezeburger Orthoegraf, déi all Kéiers an der Belsch erausgi goufen.
Am léifsten huet de Meyer Fabele geschriwwen, deenen hir Moral sech dacks mat de sozialen Ënnerscheeder beschäftegt huet. Ma en huet och Prosa an Drama probéiert an esouguer erotesch Gedichter wéi De' Pater an d'Non publizéiert. Et ass unzehuelen, datt Verse wéi déiheiten:
-
- Dem pater seng haenn
- Ob lïeveche' nennen,
- Frei dohïer rennen,
- Weit vum breviéer
- Der goettlecher léer
- Dem pater seng haenn
mat ee vun de Grënn sinn, datt déi éischter konservativ Lëtzebuerger Literaturgeschichtsschreiwung sech léiwer net genuch ewéi zevill mam Meyer ofginn huet.
1851 koum säi 'berufflecht' Haaptwierk eraus, den Exposé élémentaire sur la théorie des intégrales définies. 1857 ass den Antoine Meyer gestuerwen.
[Änneren] Dem Meyer seng Publikatiounen op Lëtzebuergesch
- E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus (1829)
- Jong vum Schrek op de' Letzeburger Parnassus (1832)
- Luxemburgische Gedichte und Fabeln (1845)
- Oilzegt-Klang (1853)
- Règelbüchelchen vum Lezeburger Orthoegraf (1854)
[Änneren] Biographie
- Ulysse Capitaine: Nécrologe liégeois pour 1857: MEYER (ANTOINE)
- Claude-Auguste Neyen: Biographie luxembourgeoise (1860): MEYER, Antoine
- Alphonse Le Roy: Liber memorialis (1869): Meyer (ANTOINE)