Victor Wilhelm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Victor Wilhelm, gebuer den 28. Februar 1886 zu Esch-Uelzecht an och do de 25. Abrëll 1967 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
De Victor Wilhelm war vu Beruff Chef de Gare a Member vun der Eisebunnergewerkschaft. Hie war tëscht 1919 an 1944 Member vum Gemengerot vun Esch-Uelzecht, wouvunner vun 1921 bis 1934 als Buergermeeschter. 1928 ass hien aus der Sozialistescher Partei ausgetrueden a gouf Member vun der Radikal-Liberaler Partei. Hie war vun 1925 bis 1934 a vun 1935 bis 1940 an dann nees 1945 Deputéierten an der Chamber.