Václav Klaus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Václav Klaus, gebuer den 19. Juni 1941 zu Prag, ass en tschechesche Politiker an Economist. Hien ass zënter 2003 Staatspresident vun Tschechien.
De Václav Klaus huet op der Wirtschaftsuniversitéit vu Prag (VŠE) Aussenhadels-Economie studéiert. An den 1960er Joeren huet hien och an Italien an den USA studéiert. Tëscht 1971 an 1986 huet hien op der Tschechoslowakescher Akademie vun de Wëssenschaften (ČSAV), der tschechoslowakescher Zentralbank (Státní banka československá) a beim Prognosteschen Institut vun der Akademie vun de Wëssenschaften (Prognostický ústav) geschafft. Hien huet och Virliesunge gehalen.
1989, bei der Samettener Revolutioun, stung hien op der Säit vum Václav Havel a gouf am Oktober 1990 President vum Biergerforum (Občanské fórum (OF)). 1991 gouf dëst opgeléist, an de Klaus huet seng eege Partei, d'ODS gegrënnt an ausgebaut.
Am Dezember 1989 gouf de Klaus Finanzminister, a vum Oktober 1991 un och nach Vize-Premierminister. Am Juli 1992 gouf e Premierminister vun Tschechien (dat bis 1993 nach Deel vun der Tschechoslowakei war) an 1996 a senger Fonctioun confirméiert.
1997 huet e missen zerécktrieden, wéi d'Regierungskoalitioun wéinst enger Spendenaffär ausenanergebrach ass. Hie gouf dono Parlamentspresident. 2002, nodeems d'ODS bei de Wale verluer huet, ass de Klaus als hire President zeréckgetrueden.
Am Februar 2003 gouf en zum President vun Tschechien gewielt an am Februar 2008 erëmgewielt.
De Václav Klaus ass bestuet an huet zwee Jongen.
[Änneren] Um Spaweck
- Dem Václav Klaus seg Websäit (Tschechesch/Englesch/Däitsch)
- Offiziell Websäit vum President vun der Tschechescher Republik (Tschechesch/Englesch)