Samette Revolutioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mat Samette Revolutioun (tschechesch: Sametová Revoluce) ginn déi - sougutt wéi onbluddeg, dofir de Begrëff "sametten" - Ëmstänn beschriwwen, ënner deenen an deene leschte 6 Woche vum Joer 1989 an der Tschechoslowakei (CSSR) déi kommunistesch Staatsféierung duerch de friddlechen Drock vun der Stroosss aus hirem Amt gedriwwe gouf an duerch e pluralistesche Systeem ersat gouf.
[Änneren] Oflaf
De 17. November 1989 hunn eng 15.000 Studenten zu Prag eng friddlech Kommemoratiounsmanifestatioun organiséiert, fir un de Jan Opletal z'erënneren, deen 1939 vun den Nazien erschoss gi war. Si sinn awer un d'Bereedschaftspolice geroden, déi d'Manifestatioun mat Knëppelen auserneegebeetscht huet. Den 20. November sinn d'Studenten nees op d'Strooss gaangen, an d'Obcanské forum, d' Biergerforum, gouf duerch de Schrëftsteller Václav Havel an den Economist Václav Klaus gergrënnt. Et koum zu Streiker op den Héichschoulen, an den Theateren, Fabriken, Spideeler, Büroen a Schoulen.
De 24. November 1989 hunn den Alexander Dubček (deen 1968 am Prager Fréijoer d'Land reforméiere wollt), de Kardinol František Tomášek an de Václav Havel um Balkon vun der Sozialistescher Parteizeitung Svobodné Slovo op der Wenzelsplaz Riede gehalen. D'honnertdausende vu Leit op der Plaz, déi nogelauschtert hunn, hu mat hire Kluddere Schlëssele gerëselt, fir ze symboliséieren, dass et fir d'kommunistesch Regime "gelaut" huet. Et koum dono zu weidere Protestdemonstratiounen, déi gréisst dovunner op der Letna-Wiss, an zum Generalstreik. Ënnert dësem Drock huet d'Regierung vum Ladislav Adamec ugefaangen, mam Biergerforum ze verhandelen, a probéiert, ze retten, wat ze rette war. Mee se huet ënnert dem Masseprotest, deen ëmmer méi staark gouf, ëmmer méi missen noginn: d'Ofschafe vum Flichtfach "Marxismus-Leninismus" am Schoulwiesen, d'Reesfräiheet an Éisträich an dono déi aner westlech Länner, d'Sträiche vum Féierungsusproch vun der Kommunistescher Partei an der Verfassung, asw. D'Resultat war eng nei Regierung, déi den 10. Dezember vum President Gustáv Husák (deen zënter dem Nidderschloe vum Prager Fréijoer 1968 un der Muecht wat) ernannt gouf, an an deer d'Majoritéit keng Membere vun der KP waren. Dee selwechten Dag ass den Husák zeréckgetrueden.
Den 29. Dezember 1989 gouf den Havel duerch d'Parlament zum neie President vun der Tschechoslowakei gewielt.
Bei de Parlamentswalen am Juni 1990 krut d'Biergerforum d'Legitimatioun vum Vollek iwwerdroen.