Su-Mei Tse
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Su-Mei Tse, gebuer den 29. Januar 1973 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Musekerin a Kënschtlerin, déi an hiren Installatioune Musek, Fotografie, Kino an Danz verknëppt.
No enger Ausbildung als Cellistin an engem BTS am Textil- a Stoffdrock huet d'Su-Mei Tse en Diplom op der École des Beaux-Arts zu Paräis gemaach.
Si huet de 14. Juni 2003 fir de Lëtzebuerger Pavillon, an der Ca' del Duca, op der Biennale vu Venedeg, de Gëllene Léiw gewonnen. Gewise gouf do d'Videoinstallatioun Les balayeurs du désert, wou Stroossebotzer an der Wüst stinn, Sand op Kéipercher ze kieren, an Echo, wou eng Gei-spillerin virun engem Alpen-Panorama spillt, deer hir Musek sech mam rhytmesche Schäre vun de Bieseme vermëscht. Weiderhin hat se an engem aneren Deel vum Pavillon Sandaueren opgeriicht, an e klengt Zëmmer, an deem iwwer Kopfhörer näischt ewéi Rou ze héiere war. Dat Ganzt stoung ënert dem Motto "[E:r] conditionné".
D'Su-Mei Tse ass d'Duechter vun engem Chinees an enger Britin a lieft tëscht Lëtzebuerg, Paräis an New York.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Gielercher
- Prix d'Art Robert Schuman, 2001
- Edward Steichen Award, 2005
- SR-Medienkunstpreis, 2006