Maria Teresa Mestre
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Maria Teresa Mestre gebuer den 22. Mäerz 1956 zu Havanna op Kuba, ass Groussherzogin vu Luxemburg.
Si ass Duechter vum José Antonio Mestre (* 1926) an der Maria Teresa Batista-Falla de Mestre (1928-1988). Si huet mat hiren Eltere Kuba am Oktober 1959 verlooss a si sinn op New York geplënnert. E puer Joer duerno si se op Genf geplënnert, wou d'Maria Teresa 1975 hiert Abitur gemaach huet, an 1980 e Studium a Politikwëssenschaft afgeschloss huet.
Hir Mammesprooch ass Spuenesch, si schwätz nach Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch an Italienesch.
Hire Mann de Groussherzog Henri huet si an der Zäit vun hirem Studium zu Genf kennegeléiert.
D'Koppel gouf de 14. Februar 1981 bestuet a si hu fënnef Kanner:
- Guillaume Jean Joseph Marie (* 11. November 1981), deen Ierfgroussherzog ass.
- Felix Léopold Marie Guillaume (* 3. Juni 1984)
- Louis Xavier Marie Guillaume (* 3. August 1986)
- Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine (* 16. Februar 1991)
- Sébastien Henri Marie Guillaume (* 16. Abrëll 1992)
[Änneren] Kandskanner
- Gabriel (* 12. März 2006), Jong vum Prënz Louis an der Tessy Antony
- Noah (* 21. September 2007), Jong vum Prënz Louis an der Tessy Antony
[Änneren] Éirefonctiounen
- Zënter 1997 ass d'Maria Teresa UNESCO-Botschafteri vum gudde Wëllen.
- Zënter Ufank 2005 ass si Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz