Mahatma Gandhi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mahatma Gandhi, eigentlech Mohandas Karamchand Gandhi, gebuer den 2. Oktober 1869 zu Porbandar/Gujarat a gestuerwen den 30. Januar 1948 zu Nei Delhi, war en indesche Politiker a Mënscherechtskämpfer.
De Gandhi koum als Jong vun engem Premierminister vum Fürstentum Porbandar an huet vun 1888 bis 1891 zu London Droit studéiert.
Duerno huet hien a Südafrika am Kampf fir d'Rechter vun den indeschen Awanderer d'Method vum gewaltlose Widderstand entwéckelt.
Dës Method huet hien och 1914 a senger Hemecht Indien propagéiert wéi d'Kolonialmuecht England den Inder d'Selbstverwaltung verweigert huet.
1948 gouf de Mahatma Gandhi vun engem fanateschen Hindu erschoss.