Joseph Hansen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joseph Hansen, gebuer den 3. Januar 1874 zu Steesel, a gestuerwen den 3. Dezember 1952 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, deen op Franséisch geschriwwen huet.
De Joseph Hansen koum als eelst vu 16 Kanner, dovu 15 Jongen, an enger Bauerefamilljen op d'Welt. Seng Etuden huet hien an der École Normale Supérieuere de Paris gemaach. Tëscht 1899 an 1918 war hien am Gymnase de Diekirch ugestallt a vun 1918 bis 1939 am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg.
De "Sepp" Hansen, wéi e genannt gouf, huet aussergewéinlech vill Schrëftleches hannerlooss. Ënner dem Pseudonym Jean de Crécy huet hien an der La Voix des Jeunes an am Nanzeger Bliedchen L'Est Républicain iwwer literaresch Themae geschriwwen. An der Zeitung L'Indépendance luxembourgeoise ware seng méi philosophesch Artikelen ënner sengem "Schreifnumm" Pangloss ze fannen.
Erzielungen oder Romaner huet de Joseph Hansen keng hannerlooss.
[Änneren] Bibliographie
- Frank Wilhelm 2003: Joseph HANSEN 1874-1952. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 323-325. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.