Informatioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Informatioun ass de Bedeitungsinhalt vun enger Aussoe, Beschreiwung, Noriicht, Matdeelung, etc. An anere Wierder ass Informatioun Gewannung un Wëssen oder Beseitegung un Ongewëssheet. Informatioun brauch en Zesummenhang zur Welt, iwwert déi se eppes ausseet an een, deen se interpretéiere kann.
Informatioun existéiert a verschiddene Formen, z.B.:
- an eisem Gehir, codéiert am neuronale System
- am geschwatenem Wuert, codéiert a Schallwellen
- am geschriwwene Wuert, codéiert a Schrëftzeechen
- a bildlecher Duerstellung, codéiert a visuelle Symboler
- a mathematesche Formelen, codéiert a formale Systemer
- am Computer, codéiert an elektresch a magnéitesch Impulser