Hunneg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Hunneg ass e Liewensmëttel, dat vun den Hunnegbeie gemaach gëtt, fir Iessensreserve fir iwwert de Wanter ze hunn. Si sammelen dofir Nektar vu verschiddene Bléien oder Hunnegda, déi béid virun allem aus Zocker, Mineralien a Spuerenelementer bestinn. Béides verwandelen se an Hunneg, andeem se eegen Enzymer dobäiginn, an iwwerflëssegt Waasser verdonsten doen.
De Goût, de Geroch an d'Faarf vum Hunneg hänken dovunner of, vu wat fir Bléien den Nektar oder vu watfire Beem den Hunnegda dofir geholl gouf.
[Änneren] Kuckt och
Commons: Hunneg – Biller, Videoen oder Audiodateien |