Freskemolerei
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Freskemolerei (aus dem Italieneschen a fresco respektiv affresco intonnaco = op de frëschen, naasse Botz) ass eng Form vu Wand- oder Plafongsmolerei bei deeër Pudderfaarwen a klorem Kallekswaasser opgeléist, op frësch Kallekspeis opgedroe gëtt.
Dat fäerdegt Wand- oder Plafongsbild gëtt Fresko genannt. Ëmgangssproochlech gi vun Netkonschthistoriker och dacks Wandmolereieren, egal op an dréchener (al secco) oder fiichter (al fresco) Molweis, als Freske bezeechent.
Bei der al fresco-Molerei gi Faarfpigmenter a Kallekwaasser (Kallekfaarwen) ugeréiert an op den nach frëschen, also fiichte Kallék opgedroen. Dobäi vermësche sech d'Kallekdeeler. Beim Dréchnen ensteet eng homogen Kallekbotzschicht, mat ageschaffte Faarfpigmenter.
D'Faarf kann net, wéi bei der sougenannter Seccomolerei (Wandmolerei op eng dréche Mauer), ofbliederen. D'Technik ass méi opwänneg a méi schwéier, well Botz a Faarf jeweils de selwechten Dag mussen opgedro ginn, an et gëtt keng Méiglechkeet Feeler ze verbesseren.
Eenzel Motiver vum Gesamtfresko gi jeeweils an engem Dag gemaach. Dëst gëtt Giornata genannt (Dageswierk). De Botz vum nächsten Dag muss ganz virsichteg op de schonns agefierfte Botz vum Dag virdrun opgedroë ginn, fir d'Wierk dat schonns besteet, net ze zerstéieren. D'Stéiss, déi aus de verschiddenen Dageswierker entstinn, si bei Sträifliicht gutt z'erkennen.
Déi éischt historesch noweisbar Freskemolerei staamt aus dem historesche Persien zu der Zäit vum Kyros II. An den historesche Mauere vu Persepolis gëtt bildlech d'Victoire iwwer d'babylonesch Truppen, d'Eruewerung vu Jerusalem an d'Befreiung vun de versklavten a verschleefte Judden aus hirer babylonescher Gefaangeschaft erzielt.
Beléift war d'Freskemolerei an der Antikitéit. Gutt erhale Beispiller fanne sech zu Pompeji, z.B. an der Mysteriëvilla an zu Herculaneum.
Am Mëttelalter gouf zënter dem Giotto gär mat enger Mëschtechnik vu fresco a secco geschafft. Beispiller, déi gutt erhale sinn, fënnt een an der Cappella degli Scrovegni zu Padua, an an der Basilika San Francesco zu Assisi.
An der Renaissance an am Barock gëtt da bal ausschlisslech nees „al fresco“ geschafft. Berühmt Beispiller sinn d'Sixtinesch Kapell mam bedeitendste Freskenzyklus vum Owendland vum Michelangelo an de Freske vum Raffael am Vatikan.
[Änneren] Kuckt och
Commons: Fresken – Biller, Videoen oder Audiodateien |