Nicolas Brücher
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Nicolas (oder Nikolaus) Brücher, gebuer den 29. Juli 1874 zu Elveng, an do gestuerwen den 2. Juli 1957, war e Lëtzebuerger Kierchemoler.
Seng Ausbildung als Kierchemoler krut de Brücher zu Kevelaer. Konscht huet hien um Institut Supérieur des Beaux-Arts zu Antwerpen studéiert. Hien huet zäitliewens am soug. 'Nazarenerstil' gemoolt.
Als Kierchemoler war hien ausser zu Lëtzebuerg och a Polen (ë.a. d'Kathedral vu Plock an d'Kierche vun Drzicim, Swornegace a Wiele) an a Russland aktiv.
E Katalog vu senge Wierker ass nach net ausgeschafft.
[Änneren] Lëtzebuergesch Kierchen, an deenen de Brücher geschafft huet
- Chouer vun der Kierch zu Lëtzebuerg-Dummeldeng
- Kierch Elveng zu Elveng
- Chouer vun der Kierch an der Fiels
- Kapell zu Éimereng
- Kierch zu Léiweng
- Kierch vu Rëmeleng
- Kierch zu Uerschdref
- Kapell vun den Elisabetherinnen Lëtzebuerg
- Kierch zu Biermereng
- Kapell vun den Elisabetherinnen Mondorf
- Kierch Beefort vu Beefort, zerstéiert
- Kapell vun den Novizen an der Klierfer Abtei, zerstéiert
- Kapell vum Hl. Benedikt an der Klierfer Abtei, zerstéiert
- Chouer a Schëff an der Paterkierch zu Esch-Uelzecht (zerstéiert bei den Ëmbauaarbechten vun 1964 bis 1966)
- Kapell vun den Schwesteren Remerschen, zerstéiert
- Basilika Iechternach zu Iechternach, zerstéiert
- Kierch vun Elleng
- Kierch vu Wellesteen
[Änneren] Fir ze liesen
- Marc Jeck: Le divin, l'humain et l'art. Le peintre mosellan Nicolas Brücher est mort il y a 50 ans, le 2 juillet 1957 an "Die Warte" vum 28. Juni 2007 (S.1-2) Woubäi ze bemierken ass, datt den "Autoportrait vun 1909" net de Nicolas weist, mee säi Brudder.