Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Elsy Jacobs - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Elsy Jacobs

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Elsy Jacobs 1959
D'Elsy Jacobs 1959

D'Elsy Jacobs, gebuer de 4. Mäerz 1933 an der Maternité am Pafendall, a gestuerwen den 28. Februar 1998 an der Bretagne, war eng lëtzebuergesch Vëlosportlerin.

Schëld op der Sportshal zu Garnech
Schëld op der Sportshal zu Garnech

D'Elsy Jacobs huet duerno mat hiren Elteren zu Garnech an der Schoulstrooss op der Nummer 61, am Haus Hames, gewunnt. Si war dat jéngste Kand vu siwen. E puer vun hire Bridder souze schonns als Jugendlecher op Coursevëloen, Et waren dat de Rosch, de Roby, den Ed an de Raym. Hire Brudder Eugène war jonk gestuerwen an hir Sëschter Cécile war als Infirmière an England gaangen.

An hirer Jugend huet d'Elsy vill mat hire Bridder trainéiert, mee Coursse konnt si zu Lëtzebuerg keng fueren, déi Zäit hate Fraleit näischt bei Vëloscourssen um Suedel verluer. Dowéinst huet si missen an d' Belsch oder a Frankräich fuere goen, wou hir Lizenz unerkannt gouf. Eréischt 1955 huet déi lëtzebuergesch Vëlosfederatioun hir Statute wéinst der Elsy Jacobs g'ännert, a si huet dierfe Courssen zu Lëtzebuerg fueren.

Den 30. August 1958 gëtt zu Reims déi éischt Weltmeeschterschaft fir Frae gefuer. D'Elsy fiert mat a gëtt Weltmeeschterin, virun der iranescher Topfavoritin an de staarke Sowjetrussinnen.

D'Elsy Jacobs 1958 zu Reims op der Weltmeeschterschaft
D'Elsy Jacobs 1958 zu Reims op der Weltmeeschterschaft

E puer Méint drop, den 9. November fiert si zu Mailand op der Ronnpist fir de Stonneweltrekord ze briechen. Deen hat d'Englännerin Millie Robinson datselwecht Joer am September opgestallt mat 39 km, 718 m an 80 cm. Bei niwelegem a kale Wieder huet d'Elsy Jacobs de Weltrekord ëm 1.628 Meter iwwerbueden. E Rekord mat 41 km, 347 m a 27 cm deen eréischt no 14 Joer vun der Italienerin Maria Cressari zu Mexiko 1972 knapps mat 41,471 km konnt gebrach ginn.

No deene Succèsen koum et dann derzou, datt och zu Lëtzebuerg Dammecoursse gefuer si ginn. D'Elsy Jacobs huet de Meeschtertricot vun 1959 bis 1974 gedroen.

Vëlo vun der Elsy Jacobs am Centre Sportif zu Garnech
Vëlo vun der Elsy Jacobs am Centre Sportif zu Garnech

1974 koum et zu Reiwereien tëscht der Elsy Jacobs an der Federatioun, déi si net fir d'Weltmeeschterschaft ugemellt hat. D'Federatioun huet sech hanner "Geldproblemer" verschanzt an d'Sportlerin wollt den Deplacement aus eegener Täsch bezuelen. Wéi och doraus näischt ginn ass, huet si d'Land verlooss, huet déi franséisch Nationalitéit ugeholl an ass fir d'éischt op Paräis wunne gaangen. Duerno ass si op Loudéac an der Bretagne geplënnert an huet do bis 1996 eng Jugendequippe trainéiert.

1998 ass d'Elsy Jacobs, déi bis dohi weider mat hirem Mann gewunn huet, an der Bretagne gestuerwen.

Zënter 2001 gëtt all Joer den 1. Mee eng "Randonnée Elsy Jacobs" mam Vëlo an hirer Heemechtsuertschaft Garnech organiséiert.

Fir de 40. Joresdag vun der Weltmeeschterin huet 1998 déi Schëfflenger Sculptrice Yvette Gastauer-Claire eng Erënnerungsmedail erausginn, an enger Oplo vun 20.

Am Kader vum 50. Joresdag vum Elsy Jacobs hirem Weltmeeschter-Titel an hirem Stonneweltrekord gouf de 26. Abrëll 2008 zu Garnech de Grand Prix Elsy Jacobs, eng international Course fir Dammen disputéiert.

E Buch iwwert d'Elsy Jacobs vum Gaston Zangerlé
E Buch iwwert d'Elsy Jacobs vum Gaston Zangerlé

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Literatur

  • Zangerlé, Gaston: Elsy Jacobs - "grande-duchesse" de la petite reine, 2000

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com