Bernhard Schlink
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bernhard Schlink, de 6. Juli 1944 an der Géigend vu Bielefeld gebuer, ass een däitsche Jurist, Romanauteur a Riichter. Hien ass zu Heidelberg opgewuess, wou säi Papp Edmund Schlink Theologieprofessor war.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
De Bernhard Schlink huet Droit un der "Ruprecht-Karls-Universitéit Heidelberg" an un der "Fräier Universitéit Berlin" studéiert. Als wëssenschaftlechen Assistent huet hien un der "Technescher Universitéit Darmstadt", der "Universitéit Bielefeld" an un der "Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg" geschafft. Hien huet 1975 zu Heidelberg zum Dr. iur. promovéiert an huet 1982 habilitéiert.
Vun 1982 bis 1991 war hie Juraprofesser un der "Rheinescher Friedrich-Wilhelms-Universitéit" zu Bonn a vun 1991 bis 1992 un der "Johann Wolfgang Goethe-Universitéit" zu Frankfurt um Main. Zënter 1992 huet hien an der "Humboldt-Universitéit" zu Berlin ee Léierstull fir Ëffentlecht Recht a fir Rechtsphilosophie.
Zënter 1987 ass hien ausserdeem Riichter um Verfaassungsgeriichtshaff vun Nordrhein-Westfalen.
Ofgesi vu sengem juristeche Liewe war de Schlink natierlech och Auteur a krut 1989 de Glauser-Präis fir säi Kriminalroman Die gordische Schleife.
Fir Der Vorleser krut hien den Hans-Fallada-Präis (1997), een italienesche Literaturpräis (1997), de Prix Laure Bataillon (1997) an de Welt-Literaturpräis vun der Zeitung "Die Welt" (1999).
Der Vorleser gouf a 37 Sproochen iwwersat a war dat éischt däitscht Buch, dat op déi 1. Plaz vun der Bestsellerlëscht vun der New York Times koum.
[Änneren] Säi Wierk
[Änneren] Juristesch Fachbicher
- Vergangenheitsschuld und gegenwärtiges Recht, Frankfurt a.M. 2002, ISBN 3-518-12168-5
- Aktuelle Fragen des pränatalen Lebensschutzes, Berlin 2002, ISBN 3-89949-001-0
- Polizei- und Ordnungsrecht, mam Michael Kniesel a Bodo Pieroth, 3. Oplo, München 2005, ISBN 3-406-52032-4
- Grundrechte Staatsrecht II., mam Bodo Pieroth, 21. neibeaarbecht Oplo , Heidelberg 2005, ISBN 3-8114-7319-0
[Änneren] Belletristik
- 1987 Selbs Justiz (zesumme mam Walter Popp), ISBN 3-257-21543-6
- 1988 Die gordische Schleife, ISBN 3-257-21668-8
- 1992 Selbs Betrug, ISBN 3-257-22706-X
- 1995 Der Vorleser, ISBN 3-257-22953-4
- 2000 Liebesfluchten, ISBN 3-257-23299-3
- 2001 Selbs Mord, ISBN 3-257-23360-4
- 2006 Die Heimkehr, ISBN 3-257-86136-2
[Änneren] Aufsätz
- 2000 Heimat als Utopie, ISBN 3-518-06613-7
- 2005 Vergewisserungen - Über Politik, Recht, Schreiben und Glauben, ISBN 3-257-06483-7