Auguste Liesch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Baptiste Auguste Liesch gebuer den 18. August 1874 zu Munneref, a gestuerwen den 13. Mäerz 1949) war e lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller. Säi bekannst Wierk ass D'Maus Ketti.
[Änneren] Säi Liewen
Den Auguste Liesch koum als Jong vun engem Apdikter zu Munneref op d'Welt. Hien hat fir Affekot studéiert a gouf 1904 Friddensriichter zu Gréiwemaacher. 1907 ass en um Beziirksgeriicht an der Stad Lëtzebuerg. Vun 1918 bis 1921 war e Generaldirekter (Minister) an zwou Regierungen ënnert dem Émile Reuter, zoustänneg fir Justiz an ëffentlech Aarbechten. Dono gouf en Direkter vun der Douane bis 1939, a goung dann an d'Pensioun. 1937 koum en an de Staatsrot. Am Krich gouf en ëmgesiddelt. 1949 ass den Auguste Liesch gestuerwen.
[Änneren] Säi Wierk
[Änneren] Lëtzebuergesch Texter
- Fête de Charité
- D'Hochzeit an der Kathedral
- D'Visite beim Bébé
- Beim Docter
- Vakanz
- De Schadgen
- Specki Spack
- Um Tram
- Den Här Aptekter
- Meng Auer
- E gudde Parti
- D'Schweiz
- De Joss am Muergeland
- D'Liewen
- Eng Lomp
- Un d'Mammen
- Den Taucher (frei nom Friderech vu Schiller)
- Drémerei
- Jonge, follegt mir!
- De Coiffeur
- E flotte Kaperol
- Um Theater
- Am Park
- D'Volkskichen
- D'Hochzeit an der Volkskichen
- D'Chirurgen
- Am Conseil
- D'Le'ft
- Eng Keilchen am Könn
- Halerbach
- Um Bal
- De Rambour
- Zwé Zecher
- Schlot ké Kand!
- Des Sängers Fluch
- Am Klo'schter
- Widmong
- Ons Arme'
- D'al Joffer
- Um Bal
- Gedanken iwert e Kanddaf an der Maternite't
- E Kandidat fir den Tram
- Eng Wandlaus
- D'Maus Ketti
[Änneren] Franséisch Texter
- Tante Zinn
- Le codicille
- Nine
- Tante Albertine
[Änneren] Däitsch Texter
- Bomben auf Drier
- Leubus
- Mein Freund Anton
- Ely
- Im Schatten des Eichenhofes (Roman)
[Änneren] Literatur
- D'Maus Ketti, Ed. Gust. Soupert, 1936 (Biller vum Pierre Blanc).
- Im Schatten des Eichenhofes, Roman, Ed. Worré-Mertens, 1940.
- Allerhand, Ed. P. Linden, 1947.
- Allerhand an d'Maus Ketti, Editions du Centre, 1959.
- Auguste Liesch Gesamtwierk. Luxembourg, Editions J.-P. Krippler-Muller, 1979 (= Klassiker vun der Lëtzebuerger Literatur, Zweete Band). ( Préface vum Pierre Grégoire, Henri Rinnen & Nic Weber. Illustratioune vum Pe'l Schlechter)
- D'Maus Kätti, Schortgen Editions, 2003 (Illustratioune vum Alison Koch-Kent)