Terry Waite
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Terry Waite, gebuer den 31. Mee 1939 a gestuerwen 2003, war en engleschen Humanist a Buchauteur. Hie sollt am Libanon mat Geiselentféierer iwwert d'Fräiloossung vu Geisele verhandelen a gouf dobäi selwer gekidnappt a festgehal. A sengem bekannteste Wierk (Taken on Trust) erzielt hien, wéi hien d'Zäit vu senger Geiselhaft (et ware bal 5 Joer) verbruecht huet.
Den Terry Waite ass och bekannt fir seng Aktivitéiten am Zesummenhang mat Wueltätegkeetsorganisatiounen (Emmaus, asw.). Hie war och de Chef vun der Romany Society.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Dem Terry Waite seng Geschicht
Als Gesandte vu der Englescher Kierch (Church of England), ass den Terry Waite an de Libanon geflunn, fir iwwert d'Fräiloosse vu véier Geisele vum Islameschen Jihad, dorënner de Journalist John McCarthy, ze verhandelen. Hien ass den 12. Januar 1987 zu Beirut, der Haaptstad vum Libanon, ukomm. Den 20. Januar huet hie mat den Entféierer Kontakt opgeholl. Si hunn iwwer d'Waffeliwwerungen an den Iran an iwwert d'Fräiloosse vu 17 Prisonnéier am Kuwait verhandelt. Ënnert dem Firwand, hien hätt seng Engagementer net agehal, gouf den Terry Waite den 2. Februar 1987 och als Geisel geholl an ass eréicht de 17. November 1991, also bal 5 Joer duerno, fräikomm.
[Änneren] Den Terry Waite als Conférencier
De Terry Waite huet duerno vill vu senger Zäit fir Wueltätegkeetsorganisatiounen opbruecht an ass och héich geéiert ginn. Mee hien ass och vill als Conférencier opgetratt; och op Croisièresschëffer. Wien hie kennegeléiert huet, ka bezeegen, datt hien de Courage behal an d'Moral ni verluer huet. Den Terry Waite konnt mat groussem Talent erzielen, wat hien alles déi 5 Joer an der Däischtert an an der totaler Isolatioun gemeet huet, fir d'Gefill fir Dag an Nuecht net ze verléieren. Hien hat no enger gewëssen Zäit nämlech eraus, datt e Geräisch wat hie gemengt huet ze héieren, vum Täppechklappen hierkéim, a konnt doraus schléissen, datt den Dag ugebrach wär.
[Änneren] Säi Wierk
- Terry Waite: Taken on Trust, 1991
- Terry Waite: Footfalls in Memory, 1995
[Änneren] Literatur
- Hewitt, Gavin: Terry Waite: Why Was He Kidnapped? Bloomsbury, (28. November 1991)