San José (Kalifornien)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
San José | |
---|---|
Land: | USA |
Staat: | Kalifornien |
Koordinaten: | 37° 18’ 15’’ N 121° 52’ 22’’ W |
Fläch: | 461,5 km² |
Awunner: | 904.500 (2005) |
Héicht: | 0 - 1333 m i. NN |
San José ass eng Stad am US-Staat Kalifornien an ass och de Sëtz vun der County-Verwaltung vum Santa Clara County. D'Stad läit um südlechen Enn vun der San Francisco Bay a mécht d'Grenz mam Silicon Valley. Dat ass och de Grond firwat se de Spëtznumm "Capital of the Silicon Valley" huet. Matt 904.522 Awunner ass et ausserdeem no Los Angeles an San Diego déi drëtt gréisste Stad aus Kalifornien.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Awunner
Bei der bis elo leschter Vollekszieleung hunn den 1. Abrëll 2000 zu San José 894.943 Leit gewunnt. Méi rezent Schätzunge vum California Department of Finance gi fir den 1. Januar 2007 eng Zuel vun 973.672 Awunner un. [1]
[Änneren] Geschicht
San José gouf den 29. November 1777 ënner dem Numm "El Pueblo de San José De Guadalupe" gegrënnt. Et ass déi éischt Stad an Alta California déi net aus enger Missioun oder engem militäresche Posten enstanen ass. Den 27. Mäerz 1850 gouf San José als éischt Stad an den US-Bundesstaat Kalifornien agegliddert a war och déi éischten Haaptstaad vu Kalifornien.
[Änneren] Geographie
San José ëmfaasst e Gebitt vu 461,5 km², wouvunner 452,9 km² Land an 8,6 km² Waasser sinn.
[Änneren] Sport
No beim Stadzentrum ass den HP Pavillon, eng Äissportshal, déi de Sëtz vum NHL-Team San José Sharks ass. An der Hal sinn awer och aner Evenementer, wéi zum Beispill Concerten oder dat jäerlecht Tennis-Turnéier SAP Open.