Sahara
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’ Sahara ass mat néng Milliounen Quadratkilometer déi gréisst Dréchewüst vun der Äerd. Dat entsprécht ongeféier der Gréisst vun den USA oder der 3480-facher Gréisst vu Lëtzebuerg.
D'Sahara erstreckt sech vun der afrikanescher Atlantikküst bis zu der Küst vum roude Mier a formt en Trapez vu 4.500–5.500 Kilometer vu West no Ost a 1.500–2.000 Kilometer vun Norden no Süden. Se gehéirt zu de Wendekreeswüsten.
D'Sahara ass gréisstendeels eng Stengwüst oder Fielsewüst (Hammada), an och eng Kresi- bzw. Geröllwüst (Serir); d’klischeehaft Sandwüst (Erg) mécht mat ca. 20 Prozent nëmmen e klengen Deel vun der Sahara aus.