Pierre Luttgens
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Pierre Luttgens, gebuer, ? a gestuerwen de 4. September 1944 war e belsche Resistenzler.
De Pierr Luttgens war de Chef vu der Grupp Les Insoumis an der Provënz Lëtzebuerg. Hien huet zu Miezeg gewunnt, a war Ingenieur op der Schmelz zu Athus.
Seng Grupp huet vill Déngschter fir de Service de Renseignement geleescht a war bei ville Sabotagen derbäi. (Quell:Documents comptables ; Collectioun Raymond Royer).
Hie gouf vun de Preise gefange geholl, a gepengegt fir datt hie soll d'Stopp vun den Terroriste verroden. Bei der Case à Mine gouf hie mitrailléiert, konnt awer nach fortkommen. Seng Blesse waren awer sou schro datt hien net iwwerlieft huet, an sou ass hie 4 Deeg éier Athus vun den Alliéierten vun de Preise geraumt gouf, gestuerwen.
Fir un hien ze erënneren ass zu Athus eng Plack ze gesinn. Dës Plack gouf op der leschter Bram festgemaach, déi do op der Schmelz vun Attem de 27. Juli 1977 gegoss gouf.