Nic Klecker
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Nic Klecker, gebuer den 22. Mäerz 1928 zu Branebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller a en engagéierte Mënscherechtler. Vu Beruff war hie Lycéesprofesser.
Säi Lycée huet hien zu Dikrech am Lycée Classique gemaach. Duerno huet en Alphilologie, Germanistik a Romanistik zu Paräis an zu München studéiert. Enseignéiert huet hien am Iechternacher Kolléisch an am LGL wou hie Latäin a Franséisch ginn huet.
Den Nic Klecker war ee vun de Grënnungsmembere a President vun 1970 bis 1982 vun der lëtzebuergescher Sektioun vun Amnesty International.
[Änneren] Fir ze liesen
- Almanach errant pour Laura, zwielef Texter vun Nic Klecker mat 14 Linoschnëtter vum Roger Bertemes an engem Virwuert vun der José Ensch, Édition des Cahiers Luxembourgeois, 2005.