Marcel Decombis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Marcel Decombis gebuer den 23. Dezember 1916 zu Gentilly bei Paräis, a gestuerwen den 10. September 2003 zu Bréissel, war e Pedagog, Matgrënner vun der éischter Europäescher Schoul zu Lëtzebuerg an och hiren éischten Direkter.
[Änneren] Seng Carrière
De Marcel Decombis war zu Douai bei Lille am Kolléisch. Fir seng Leeschtungen beim Baccalauréat krouch hien den zweete Präis an der Philosophie (op ganz Frankräich bezunn). Op der Sorbonne huet hien du Germanistik studéiert. Am Zweete Weltkrich koum hien an en Aarbechtslager zu Neubrandenburg. Nom Krich huet hien zu Paräis a verschidde Schoulen Coursen ginn.
Wéi 1952 d'CECA geschafe gouf, huet de Jean Monnet hien op Lëtzebuerg komme gelooss, an hien a sengem Cabinet ugestallt. Do huet hien 1953, zesumme mam Albert van Houtte, déi éischt Europäesch Schoul gegrënnt. 1960 huet hien zousätzlech d'Europäesch Schoul zu Varese an Italien opgebaut. Méi spéit, bis zu senger Pensioun mat 63 Joer, hat hien nach e féierende Posten an der Europäescher Schoul zu Bréissel
De Marcel Decombis war 2003 zu Lëtzebuerg als Festriedner derbäi, wéi d'Europäesch Schoul vu Lëtzebuerg hiert 50järegt Jubiläum gefeiert huet.