Lëscht vun de lëtzebuergeschen Nimm fir net-lëtzebuergesch Uertschaften
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës Lëscht vun de lëtzebuergeschen Nimm fir net-lëtzebuergesch Uertschaften ass en Deel vun de Referenztabellen. Et sief bemierkt, datt d'Schreifweis vun den Nimm op Lëtzebuergesch zu engem Deel aus dem Luxemburger Wörterbuch ass, an dowéinst net der offizieller Schreifweis entsprécht, zu engem aneren Deel aus enger Lëscht vun Areler Land a Sprooch iwwerholl gouf, déi sech op Ënnermondaarte aus deem Streech stäipt. Kuckt dofir Lëtzebuergesch Nimm fir auslännesch Uertschaften, wou déi verschidden Aspekter virgestallt ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Belsch
- Arel: Arlon
- Atert: Attert
- Baaschtnech: Bastogne
- Buerg-Räiland: Burg-Reuland
- Bréissel: Bruxelles/Brussel
- Léck: Liège
- Léiwen: Leuven
- Maartel: Martelange
- Namouer: Namur
- Rouden: Rondu
- Sankt Väit: Sankt Vith
Kuckt och: Lëscht vun den Uertschaften am Arelerland
[Änneren] Däitschland
- Béibreg: Bitburg
- Doleeden: Daleiden
- Donen: Dahnen
- Doosber: Dasburg
- Irrsen: Irrhausen
- Léngebech: Lünebach
- Lëtschkampen: Lützkampen
- Nëttel: Nittel
- Oochen: Aachen
- Pärel :Perl
- Tréier: Trier
- Saarbrécken: Saarbrücken
- Saarbuerg: Saarburg
[Änneren] Frankräich
- Däitsch-Oth: Audun-le-Tiche
- Diddenuewen: Thionville
- Ëtteng: Ottange
- Fensch: Fontoy
- Grouss-Hetteng: Hettange-Grande
- Kettenuewen: Cattenom
- Lonkech: Longwy
- Nanzeg: Nancy
- Nongkäl: Nondkeil
- Opech: Apach
- Paräis: Paris
- Präisch: Preisch
- Réideng: Rédange
- Réisseng: Russange
- Roudemaacher: Rodemack, Uertschaft am Departement Moselle
- Saarbuerg: Sarrebourg
- Siirk: Sierck-les-Bains
- Stroossbuerg: Strasbourg
- Wuelmereng: Volmerange-les-Mines