Dissident
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Begrëff Dissident (vu lat. dissidire - "net iwwereneestëmmen", "getrennt sinn") bezeechent en Ofwäichler, dee sech ideologesch géint de politesche System vu sengem Land stäipt, deem e bis dohin ënnerworf war.
Hautesdaags bezeechent een als Dissidente virun allem oppositionell Kënschtler an Intellektueller an totalitäre Regimer. Andeems se de System vun hirem Land kritiséieren, gesi se sech dacks Repressioune vum Staat ausgesat (z.B. permanent Iwwerwaachung, Hausarrest, Aweisung an eng psychiatresch Klinik, Prisong, etc.). Vill Dissidenten hunn deemno keng aner Wiel wéi sech an d'Ausland z'exiléieren, oder se gi souguer vun hirem Staat zwangsweis ausgewisen.