Passeur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Passeur ass eng Persoun déi aner Leit, déi heemlech an illegal e Land wëlle verloossen, dee beschten an onopfällegste Wee weist an hinnen hëlleft d’Grenz ze „passéieren“. De Passeur setzt sech dobäi enger relativ grousser Gefor aus.
[Änneren] Am Zweete Weltkrich
[Änneren] Passeuren zu Lëtzebuerg
D’Aféierung vum Reichsarbeitsdienst (RAD) a besonnesch d’Aféierung vun der Zwangsrekrutéierung hunn et mat sech bruet datt vill Lëtzebuerger decidéiert hu virun der Nazi-Herrschaft fortzelafen a si hu probéiert fir iwwer d’ belsch oder d’ franséisch Grenz ze kommen. D’ Resistenzorganisatiounen hu verschidde Fluchtweeër (Filièren) organiséiert a lëtzebuergesch, franséisch a belsch Passeuren hu gehollef, méi wéi 1.100 Deserteuren a politesch Verfollegter, déi virdru mat falsche Pabeiere versuergt goufen, iwwer d’Grenz ze bréngen.
[Änneren] Nom Krich
Direkt no der Liberatioun haten d’Lëtzebuerger Passeuren a Filiéristen d’Iddi sech an engem Veräin ze regruppéieren fir den Equipen- a Patriotissemsgeescht, dee si während der Nazi-Okkupatioun zesummegehalen huet, net ze verléieren. Et huet awer bis 1960 gedauert bis d’ Union Nationale des Passeurs et Filiéristes Luxembourgeois (UPAFIL) gegrënt gouf.