Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lëscht vun de lëtzebuergesche Sprach- a Wouerwierder - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lëscht vun de lëtzebuergesche Sprach- a Wouerwierder

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Hei ginn e puer lëtzebuergesch Sprach- a Wouerwierder an alphabetescher Reiefolleg opgezielt:

Inhaltsverzeechnis : Ufank - A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z


[Änneren] A

  • Ween A seet, muss och B soen.
  • Adam an Éiv waren déi zwee éischten Äppeldéif.
  • Aus den Aen, aus dem Sënn.
  • Véier Ae gesi méi wéi zwee.
  • D'Aen op oder de Beidel.
  • Wat een net ännere kann, soll ee roueg erdroen.
  • Näischt gesot ass och eng Äntwert.
  • Een Af mécht der honnert.
  • Engem Af geet alles gutt.
  • Léier keen alen Af Grimassë maachen.
  • Al Eisen, ale Goss, al Fraen, ale Verdross.
  • En ale Kniecht an eng jonk Mod gëtt gären e grousse Stod.
  • Bei den Alen ass ee gutt gehalen.
  • Dat Aalt dauert am längsten.
  • Den Alter geet vir (sot den Eilespill, dunn huet e seng Mamm d'Trap era gestouss).
  • Den Apel fält net wäit vum Bam, e misst just de Bierg erofrullen.
  • Et soll ee sech ëmmer een Apel fir den Duuscht versuergen.
  • Den Appetit kënnt iwwert dem Iessen.
  • Wann d'Aarbecht ee räich mécht, da wier den Iesel méi räich wéi de Mëller.
  • Vun der Aarbecht gëtt kee fett.
  • Besser e midden Aarm, wéi een eidlen Daarm.
  • Aarm sinn ass keng Schan.
  • D' Aarmutt ass e Sträitmécher.
  • D'Ausriede si fir ze gebrauchen.

[Änneren] B

  • Bal ass nach keen Hues an der Fal.
  • Besser den Aascht fält ewéi de Bam.
  • Déi dommste Baueren hunn déi déckste Gromperen.
  • Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net.
  • E Bauer, e Béier an e Stéier, dat sinn dräi ongemelleg Déier.
  • Et ass derfir gesuergt, datt d'Beem net an den Himmel wuessen.
  • Wat een net am Kapp huet, muss een an de Been hunn.
  • Wéi e beicht, esou gëtt ee lassgesprach.
  • Wéi een an de Bësch rifft, esou schaalt et och eraus.
  • Dat bescht kënnt hanneno.
  • Besser ass besser, sot d'Fra, do huet se d'Ham an der Mëllech gekacht.
  • Besser eng Kuuscht an der Täsch, ewéi eng Fieder um Hutt.
  • Besser spéit eppes, ewéi fréi näischt.
  • Besser spéit, ewéi guer net.
  • D'Bestueden ass eng Lotterie.
  • Ewéi ee säi Bett mécht, esou schléift een.
  • Et ass besser biedelen, ewéi stielen.
  • Hannert dem Bierg sinn och Leit.
  • En neie Biesem kiert besser.
  • Och eng blann Sau kann eng Eechel fannen.
  • Et ass nach laang net alles Gold, wat blénkt.
  • Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee.

[Änneren] C

  • Grénge Chrëschtdag, wäissen Ouschterdag.

[Änneren] D

  • Schéck een Dabo an de Bësch, da kriss de een Eefalt erëm
  • Muer ass och nach een Dag.
  • Wat den Dag méi helleg, wat der Däiwel méi rosen.
  • Et gëtt näischt esou reng gestiicht, t'kënnt dach un Dagesliicht.
  • Wou Damp ass, do ass och Feier.
  • Et muss ee mat deene Meedercher danzen, déi do sinn.
  • Engem Dawen ass gutt priedegen.
  • Et muss ee sech der Decke no strecken.
  • All Déierche säi Plëséierchen.
  • Dee klengen Déif hänkt een, de grousse léisst ee lafen.
  • Een Däiwel dreift deen aneren.
  • Wann der Däiwel hongreg ass da frësst e Fléi.
  • Ee Mënsch ass deem aneren säin Däiwel.
  • Et soll een den Däiwel net un d'Wand molen.
  • Wann ee vum Däiwel schwätzt, dann ass e schonn do.
  • All Dëppe fënnt säin Deckel.
  • Wat ënnert den Dësch fält, ass fir d'Mod.
  • Géint d'Dommheet gëtt et kee Mëttel.
  • Déi dommste Baueren hunn déi déckste Gromperen.
  • Ëmsoss ass der Doud, an dee kascht d'Liewen.
  • Géint den Doud ass kee Kraut gewuess.
  • Aarm a räich, der Doud mécht alles gläich.
  • Den Dreck leeft bis en zesumme kënnt.
  • Wat een am Dreck méi réiert, wat et méi sténkt.
  • Wann den Dreck Mëscht gëtt, da gëtt e gär gefouert. (arrogant ginn)
  • Dräimol ass gëttlech, véiermol ass spëttlech.
  • Wat ee méi drénkt, wat ee méi duschtereg gëtt.
  • Engem Dronkenen geet e Fudder Hee aus dem Wee.
  • Fir d'Duechter ze kréien, muss een d'Mamm freien.

[Änneren] E

  • Ëmgekéiert ass och gefuer.
  • Eemol ass keemol.
  • Endlech ass net éiweg.
  • Alles huet en Enn, nëmmen d'Wurscht huet der zwee.
  • Et ass éischter gesot wéi gedoen.

[Änneren] F

  • Vum Fale léieren d'Kanner goen.
  • Vum Faaschte krepéieren d'Honn.
  • Wie mat Feier ëmgeet, verbrennt sech.
  • Wou Feier ass, do ass och Damp.
  • Wou et dämpt, do ass Feier.
  • Et muss een e klenge Fësch an d'Waasser werfen, fir een décken ze fänken.
  • Et ass nach kee Fëscher mat dräi Häre begruewe ginn.
  • D'Fëscher an d'Jeeër schwätzen eng Sprooch.
  • D'Fëscher an d'Jeeër si Plättelefeeër.
  • Un de Fiederen erkennt een d'Vullen.
  • Et ass méi liicht e Sak Fléi ze hidde wéi e verléiftent Framënsch.
  • Flott gelieft a séileg gestuerwen, dat ass dem Däiwel d'Rechnung verduewen.
  • Eng uerg Fra ass een Zonk ëm d'Haus.
  • Wie seng Fra gären huet, léisst se doheem.
  • Wou d'Fra d'Box unhuet, wéckelt de Mann d'Kanner.
  • Wien Ongléck huet mat de Fraen a Gléck mat de Päerd gëtt e räiche Mann.
  • Fréiopstoe mécht den Dag laang.
  • Dee vill freet gëtt vill gewuer.
  • All Fro ass eng Äntwert wäert.
  • Mat Froe vermécht een näischt.
  • E laange Fuedem, eng faul Néiesch.
  • E schlechte Fuuss deen nëmmen ee Lach huet.
  • De Fuuss verléiert de Pelz, awer d'Naupen ni.

[Änneren] G

  • No dräi Deeg gëtt de Gaascht deene meeschte Leit zur Laascht.
  • Déi ongeluede Gäscht setzt ee virun d'Dier.
  • Engem geschenkte Gaul kuckt een net an d'Maul.
  • Laang gebuergt ass net geschenkt.
  • Jiddwer Geck gefält seng Kap.
  • Ee Geck mécht der honnert.
  • Ee Geck ka méi Froe stelle wéi honnert Weiser beäntwere kënnen.
  • Aus Geck gëtt dacks Eescht.
  • D'Kanner an d'Gecke soen d'Wourecht.
  • Mat Force räisst een och eng Geess hannen erëm.
  • Deem enge gefält d'Mamm, deem aneren d'Duechter.
  • Mat gaangen, mat gefaangen, mat gehaangen.
  • Dee vill huet ass vill gehäit, deen näischt huet nach méi.
  • Deemno Geld, deemno Wuer.
  • D'Geld regéiert d'Welt.
  • D'Geld gëtt een ewech, an den Efalt behält een.
  • A Geldsaachen héiert d'Gemittlechkeet op.
  • D'Geleeënheet mécht den Déif.
  • Gemelleg kënnt een och virun.
  • Geplot ass och gelieft.
  • D'Gerechtegkeet huet eng Nues aus Wues.
  • Besser schlecht geridde wéi houfreg gaangen.
  • Et kënnt alles op d'Geschéck un.
  • D'Geschir weist d'Aarbecht.
  • Et ass éischter gesot wéi gedoen.
  • Dee gesond ass, soll net kloen.
  • Zwee gesi méi wéi een.
  • E gutt Gewëssen ass dat beschte Kappkëssen, an ee schlechte Verhalt och.
  • Ginn an erëm geholl ass gestuel.
  • Et muss ee sech net ginn, esoulaang nach Kniddelen am Dëppe sinn.
  • De gudde Glaf mécht séileg (an de Speck mécht fett).
  • D'Gléck geet dem Soff no.
  • Et ass net alles Gold wat blénkt an net alles Dreck wat sténkt.
  • Et kann een net alles op d'Goldwo leeën.
  • D'Guttheet ass e Stéck vun der Dommheet.

[Änneren] H

  • Wat een net hale kann, dat soll een och net verspriechen.
  • Deen näischt vu sech hält, deen ass näischt.
  • Eng Hand wäscht déi aner.
  • Alles ass een Handwierk (an d'Fléifänken eng Geschwënnegkeet).
  • Vill Hänn läsche vill Bränn (awer si sinn der Däiwel am Zoppekomp).
  • Waarm Hänn, Léift ouni Enn.
  • Kal Hänn, waarmt Häerz.
  • Déi kleng Spëtzbouwen hänkt een, déi grouss léisst ee laafen.
  • Hätten an Haten, dat woren zwou aarmer Staten (Stied).
  • Zwee haarder Steng muele seele reng.
  • Keen Haus ouni Maus.
  • Eng fläisseg Hausfra ass déi beschte Spuerbécks.
  • Här ass Här a Max ass Max.
  • Den Här priedegt nëmmen eemol.
  • Wéi den Här sou d'Geschär.
  • Et ka keen zwee Häre gläichzäiteg déngen.
  • Déi déck Häre bäisse sech net.
  • Eiser Herrgott huet allerhand Kaschtgänger, awer keng déi näischt iessen.
  • Et soll een eisem Herrgott net an d'Handwierk fuschen.
  • Kënns de net haut, da kënns de muer.
  • Héieresoen ass hallef gelunn.
  • Den Hieler ass esou gutt wéi de Stieler.
  • Wat een net hiewe kann, dat soll ee leie loossen.
  • Späert är Pëllen an, ech loosse meng Hinnercher lafen.
  • Et muss een dat Bescht hoffen, dat Schlecht kënnt vum selwen.
  • Hoffnung léisst liewen.
  • Wann den Hond net geschass hätt, dann hätt en den Hues kritt. (En hätt en nawell kritt wann e kee Gras gerappt hätt fir den Hënneschten afzebotzen)
  • Dee mat Hënn schlofe geet, steet mat Fléi op.
  • Et gëtt méi Kette wéi rosen Hënn.
  • Hënn déi billen, bäissen net.
  • Ween net um Hënner rutscht, deem bliedert en net.
  • Den Honger dreift de Wollef aus dem Bësch.
  • Honger ass dee beschte Kach (schmaacht et net, et ësst een et dach).
  • Engem Hongregen ass gutt kachen.
  • Bal, ass nach keen Hues an der Fal.
  • Deen zwee Huesen zugläich noleeft, dee kritt keen.
  • Deen et laang huet léisst et laang hänken.
  • Deen näischt huet kann näischt verléieren.
  • Wat ee méi huet, wat ee méi wëll hunn.
  • Wie vill huet, brauch méi.
  • E gudden Hunn gëtt net fett.
  • Dee wëllt Hunneg lecken, däerf d'Beien net fäerten.
  • Besser den Hutt ewéi de Kapp verluer.
  • Beim Huwwele fale Spéin.

[Änneren] I

  • Véirel op kal Ierbessen, wa se waarm si kriss de se z'iessen.
  • Wann et dem Iesel ze wuel ass, da geet en op d'Äis danzen.
  • E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol.
  • Als Iesel gebuer, als Iesel gestuerwen.
  • Ween den Iesel spillt muss d'Säck droen.
  • Du kanns den Iesel bei d'Waasser féieren awer saufe muss e selwer.
  • Iessen an Drénken hält Läif a Séil zesummen.
  • Wéi am Iessen, esou an der Aarbecht.
  • Et geet näischt iwwer eng gutt Ausried.

[Änneren] J

  • De Verstand kënnt mat de Joren (awer och déi gro Hoer).
  • Et soll een net jäize bis ee geschloen ass.
  • Jidderengem säint, dann huet der Däiwel näischt.

[Änneren] K

  • Vill Käch verdierwen de Bräi.
  • Wann d'Kallef am Pëtz läit, da kënnt den Deckel drop.
  • Aus Kanner gi Leit.
  • D'Kanner hunn d'Laachen an d'Kräischen an engem Sak.
  • Wann een de Kanner dee klenge Fanger gëtt, da wëlle si d'ganz Hand.
  • Kleng Kanner, klengt Leed, grouss Kanner, grousst Leed.
  • Eng Kannerhand ass séier gefëllt.
  • Wat een net am Kapp huet muss een an de Been hunn.
  • Et kann een net all Kapp ënnert een Hutt brengen.
  • Wat näischt kascht, ass och näischt.
  • D'Kaze loossen d'Mausen net.
  • Wann d'Kaze fort sinn, da sinn d'Mais Meeschter.
  • Kraache Kare fueren am längsten.
  • Et ass net alles riicht wat bei de Keeser geet. Ext:, well seng Fra war kromm.
  • Déi schwaarz Kéi ginn och wäiss Mëllech.
  • Kënnt Zäit, kënnt Rot.
  • Maach datt d'Kierch am Duerf bleift.
  • Jidderee soll viru senger Dier kieren.
  • Nei Kierchen an nei Wiertshaiser sti sielen eidel.
  • Et ass net all Dag Kiermes.
  • Deen op d'Kiermes geet, verléiert seng Plaz.
  • Wann een net un d'Kiischte kënnt, seet ee se wäre sauer.
  • Da gëtt ee gewuer, wat d'Pond Kiischte kaschten.
  • Deen nëmmen eng Klack héiert, héiert nëmmen ee Schall.
  • Wien héich klëmmt, fält déif erof.
  • Deen huet nach Klibbersuen an der Täsch.
  • Mat Knëppele fängt een keng Vullen.
  • 'T gëtt ee sou al wéi eng Kou, 't léiert een nach ëmmer dozou.
  • Sou al gëtt keng Kou.
  • Wann der Däiwel d'Kou huet, da kann en d'Kallef och huelen.
  • De Krou geet esou laang zum Buer bis e brécht.
  • Deen an der Kutsch wëll fueren däerf d'Geld net spueren.

[Änneren] L

  • Et huet een esou vill vum Lachen, ewéi vum Kräischen.
  • Wee fir d'lescht laacht, laacht am beschten.
  • Wat laang dauert, gëtt gutt.
  • Lee dech era wéi s de bass, mäi Läpp ass och zerrass.
  • De Läpp ass méi no wéi d'Hiem
  • Wat een ewech léint, dat huen een net méi.
  • Maach ewéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit.
  • Iessen an Drénken hält Leif a Séil zesummen.
  • Et muss een d'Leit huele wéi se sinn.
  • D'Gecke sinn och Leit, just keng wéi déi aner.
  • Et muss een net alles gleewen, wat d'Leit soen.
  • Léiwer gro, wéi net méi do.
  • De Leschten ass de Beschten.
  • Aus aner Leit's Lieder ass gutt Rimme schneiden.
  • Wien net liesen a schreiwe kann, ass nëmmen en hallwe Mann.
  • Et muss ee liewen, a liewe loossen.
  • Et kann een net vun der Loft aleng liewen.
  • Et lieft een nëmmen eemol.
  • Et lieft een net vun der Aarbecht, mee vum Profit.
  • Et gëtt och gedréckte Ligen.
  • E jonke Ligener, en alen Déif.
  • Wéi op der Long, esou op der Zong.
  • Jidderee lueft seng Kanner, ewéi de Bauer seng Ranner.
  • Lues am Iessen, lues an der Aarbecht.

[Änneren] M

  • Maach wat s de kanns.
  • Wann d'Mais sat sinn ass d'Miel batter.
  • Wéi d'Mamm, esou d'Duechter.
  • E Mann, e Wuert.
  • Wou kee Mann ass, ass kee Rot, wou keng Fra ass, ass kee Stot.
  • Matten, Meis a Mueden kënnen nëmmen schueden.
  • Dee gären ee Maufel hëlt, muss och de Mond opdinn.
  • Ween näischt mécht, deen näischt brécht.
  • Et mécht een ewéi ee kann, an net wéi ee wëllt.
  • Besser eng Méck am Dëppen, ewéi glat näischt.
  • Et fänkt ee méi Mécke mat Hunneg, ewéi mat Esseg.
  • Dat schéinste Meedche kann net méi ginn, ewéi et huet.
  • Et muss ee mat deene Meedercher danzen, déi een huet.
  • Eng gutt Meenung an e gudde Glaf maache séileg.
  • Eng gutt Meenung ass vill wäert.
  • Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall.
  • Wat ee méi huet, wat ee méi wëll hunn.
  • Wat méi, wat léiwer.
  • Een nom aneren, sot de Mëller, do huet en d'Kanner der Rei no gebeetscht.
  • Wee mengt, dee weess näischt.
  • Iren ass mënschlech.
  • Op senger Mëscht ass den Hunn Meeschter.
  • Wat ee spuert iwwert de Mond, frësst d'Kaz oder den Hond.
  • Zevill an net genuch, si keng Moossen.
  • Muar ass och (nach) een Dag.
  • Mueresstonn huet Gold am Monn.

[Änneren] N

  • Et geet dach näischt iwwer en eegent Nascht.
  • De Wollef verléiert säin aalt Hoer, awer seng Naupe behält hien.
  • Et ass néierens besser, wéi doheem.
  • Den Näid frësst säin eegenen Här.
  • Géif den Näid brennen ewéi Feier, da wären d'Holz an d'Kuelen net esou deier.
  • Wien Näider huet, huet Brout, wie keen huet, leit Nout.
  • All Vulle stierwen, nëmmen d'Näidvullen net.
  • Wou näischt ass, kënnt och näischt hin.
  • Wou näischt ass, geet näischt zu Schanen.
  • Deen näischt aus sech mécht, aus deem gëtt näischt.
  • Vun näischt kënnt näischt.
  • Ween näischt mécht, deen näischt brécht.
  • Deen näischt wot, deen näischt wënnt, deen näischt sicht, deen näischt fënnt.
  • Deen net wot, deen net wënnt, deen net haspelt, deen net spënnt.
  • Nokucke kascht näischt.
  • Am Noper säi Gaard ass gutt kraude goen.
  • Gutt Nopere brauche keng Heck.
  • Et ass méi liicht fir nozekucken, ewéi ze schaffen.
  • Waarm Nuechte gi gudde Wäin, awer krank Leit.
  • Nuets sinn all d'Kaze gro.
  • Den Numm mécht vill zur Saach.
  • Et muss een d'Kand mam Numm nennen.
  • Null vun Null geet op.

[Änneren] O

  • Ondank ass der Welt Loun.
  • Deen Ongléck huet, brécht de Fanger am Bräi.
  • Wie ka fir een Ongléck? D'Welt ass voll.
  • Een Ongléck kënnt seelen eleng.
  • Am Ongléck erkennt ee seng Frënn.
  • Onkraut vergeet net.
  • Dee sech iergert huet Onrecht.
  • Ze vill Recht ass Onrecht.
  • Et soll ee sech net méi oplueden, wéi een droen kann.

[Änneren] P

  • Pak zerschléit sech, Pak verdréit sech.
  • Ouni Hee kann dat beschte Päerd net fuerzen.
  • Pech am Spill, Gléck an der Léift.
  • Déi al Pëlle leeën déi décksten Eeër.
  • E wëllegt Päerd soll een net schloen.
  • Kee kann engem Plakegen an d'Täsch gräifen.
  • Dräimol plënneren ass esou gutt ewéi eemol verbrannt.
  • Pabeier ass gedëlleg.
  • Probéieren geet iwwer studéieren.
  • D'Propretéit ass d'halleft Liewen.

[Änneren] Q

  • Quetschen och.

[Änneren] R

  • De Räichtum kënnt net vum Geld ausginn.
  • Nom Reen kënnt ëmmer gutt Wieder.
  • Wann et reent, da reent et rit eran.
  • Reent et net, dann drëpst et eben.
  • Déi beschte Réit kommen ëmmer ze spéit.
  • Déi gutt Réit an déi schlamm Geesse kommen ëmmer hanneno.
  • Et muss ee sech der Saach no riichten.
  • Weem net ze roden ass, deem ass och net ze hëllefen.
  • Gudde Rot ass deier, schlechte fënnt een iwwerall.
  • D'Rou kënnt mam Alter.
  • Roum gouf net an engem Dag gebaut.

[Änneren] S

  • Bekëmmert sech jidderee senger Saach, da fält kee Schneider vum Dach.
  • All Saach huet zwou Säiten.
  • D'Haaptsaach vun der Saach ass ëmmer d'Saach.
  • Wat Saachen a kee Schaf (fir se dran ze maachen).
  • Jiddferengem säint, dann huet der Däiwel näischt.
  • Zevill zerräisst de Sak.
  • Et soll ee keng Kaz am Sak kafen.
  • Déi faulste Sau huet ëmmer dee gréissten Trach.
  • An eng eidel Scheier kënnt keng Maus.
  • Op engem schéinen Teller ësst ee sech net sat.
  • Dee sech scheit, dee schued sech.
  • Wie laang schléift, schléift sech waarm; wie fréi opsteet, ësst sech aarm.
  • Et weess e wuel wéi ee schlofe geet, awer net wéi een opsteet.
  • Wann et am beschte schmacht, da soll een ophale mat iessen.
  • Wee gutt schmiert, dee gutt fiert.
  • Wien zevill gutt schmiert, dee bei der Däiwel fiert.
  • Un de Schnësser erkennt een d'Schwäin.
  • Schousterkanner a Schmaddspäerd mussen am dackste buerbes lafen.
  • Wat ee schreift dat bleift.
  • Deen de Schued huet, brauch fir de Spott net ze suergen.
  • Jiddferee weess am beschten, wou de Schung en dréckt.
  • D'Vollerten an d'Kanner hunn en eegene Schutzengel.
  • Et soll ee schwätzen, ewéi engem de Schniewel gewuess ass.
  • Géint de Stroum ass schwéier schwammen.
  • Wat ze schwéier ass, dat hieft een net.
  • Net gespillt, ass sécher gewonnen.
  • Wee sicht, dee fënnt.
  • Déi net do sinn, ginn net gezielt.
  • Siweschléifer Mëllechzopp, steet um hallwer Mëtteg op.
  • Deen eemol alles gesot huet, huet hannenno näischt méi ze soen.
  • Mam Soen ass net gehollef.
  • D'Sonn huet nach kee Bauer vum Feld gedriwwen, awer de Reen.
  • D'Sonn schéngt fir all Mënsch.
  • An der Stad, do kascht d'Pond Botter e Frang a soss zwanzeg Su.
  • Sou ass dat an der Stad, kriss de eng Mëtsch fir fënnef Frang a bass nach net sat.
  • Aus Spaass gëtt Eescht.
  • Mat Speck fänkt ee Mais.
  • Speck a Brout schléit den Honger doud.
  • Wou geschafft gëtt, fale Spéin.
  • Besser spéit, ewéi glat net.
  • Deen ee reeft de Steen, deen anere geheit en.
  • D'Stierwen ass dat lescht, wat ee kann ufänken.
  • Mat Streech mécht ee säi beschte Frënd verdréisslech.
  • Et muss ee sech der Decken no strecken.
  • Wou der zwee sech streiden, huet een drëtten d'Hand am Spill.
  • Wann der zwee sech streiden, freet sech den drëtten.

[Änneren] T

  • Trauen ass gutt, nokucken ass besser.
  • Et muss een ëmmer wësse wéini datt een Tromp ausspillt.
  • Du sollst der ëmmer eng Tromp an der Täsch halen.

[Änneren] U

  • Alles huet een Ufank an een Enn.
  • Wou keen Ufank, ass och keen Enn.
  • All Ufank ass schwéier.
  • Ursaache sinn do fir ze gebrauchen.
  • Uewen erëm de Spëtzekranz, ënnen erëm de Läpp net ganz.

[Änneren] V

  • Eemol verbrannt, an zweemol bestuet mécht räich.
  • Dat ass e schlechte Schmadd, dee keen Damp vedroe kann.
  • Dee kee Verdross huet, mécht sech es.
  • Alles vergeet (nëmmen déi kloer Waasserzoppen net).
  • Wien näischt seet, vermault sech net.
  • Wee sech op déi aner Leit verléisst, deen ass verlooss.
  • Et versäit ee sech net méi wéi hannert de Leit.
  • Verspriechen ass Schold, a Waarden ass Gedold.
  • Verspriechen an Halen ass zweeërlee.
  • De Verstand kënnt mat de Joren.
  • Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser.
  • Besser Virsiicht ewéi Nosiicht.
  • Schéi Fiedere maache schéi Vullen.

[Änneren] W

  • Deen ass mat all Waasser gewäsch, just net mat Wäiwaasser.
  • Et gesäit ee méi wäit iwwert d'Waasser, ewéi dran.
  • Am dréiwe Waasser ass net gutt fëschen.
  • Am Wäin "erdrénken" der méi, wéi am Waasser.
  • Wee fir d'éischt beim Wäiwaasser ass, dee seent sech.
  • Wann déi Wann net wier, dann hätte vill Geessen näischt ze friessen.
  • Wat net ass, kann nach ginn.
  • All Weeër féieren op Roum.
  • Wat s de net weess, dat mécht dech net heess.
  • Wat een net weess, dat weess en aneren.
  • Wéi een an den Bësch rifft, sou schaalt et zeréck.
  • Déi Wëll lafen am Bësch.
  • Wann een ënnert d'Wëllef geet, muss ee mat haulen.
  • Mam Wëllen eleng geet et net duer.
  • Wann een de Kanner de Wëllen deet, da kräische se net.
  • Mat guddem Wëlle mécht ee vill.
  • Wëlls de net, dann hues de schonn.
  • Wëlls de dat eent, da wëlls de och dat anert.
  • Deen alles wëllt, kritt näischt.
  • Esou geet et op der Welt, deen een huet de Beidel, deen aneren huet d'Geld.
  • Et muss ee mat der Welt virugoen.
  • Wat ee wënscht, dat gleeft ee gären.
  • Zwee wësse méi wéi een.
  • D'Wieder erkennt een um Wand, den Här um Kniecht, de Papp um Kand.
  • Mat Wierder bezuelt ee keng Schold.
  • D'Wourécht geet net ënner.
  • Op d'Wourécht kann ee beston.
  • Wann ee vum Wollef schwätzt, da kënnt en.
  • Et soll een net dem Wollef säi Pelz verkafen, bis een en huet.
  • Deemno Geld, demno Wuer.
  • Et muss een net all Wuert op d'Goldwo leeën.
  • Ee Wuert gëtt dat anert.

[Änneren] X

  • Engem en X fir en U virmaachen.

[Änneren] Y

[Änneren] Z

  • Alles huet seng Zäit, nëmmen d'Fléifänken net.
  • Zäit ass Geld.
  • Hues de mol d'Pensioun, dann hues de keng Zäit méi.
  • Keng Zäit, kee Rot.
  • D'Zäit an d'Leit muss een huele wéi se kommen.
  • Zevill ass ongesond.
  • Et weess een ni zevill, an dacks net genuch.
  • Déi zefridde Leit hunn ëmmer genuch.
  • Jiddfer Zirkus huet säi Clown.
  • Fir en Ziwwi ze maachen, muss een en Hues hunn.
  • Wann ee bis den Zock huet, da geet et bal vum selwen.
  • Hunneg op der Zong, Gal op der Long.
  • Vun der Zopp gëtt ee schéin.
  • Et gëtt keng Zopp esou waarm giess wéi se gekacht gëtt.
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com