Lëscht vun de Kinneke vu Sizilien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës Lëscht vun de Kinneke vu Sizilien ass en Deel vun de Referenztabellen.
D'Kinnekräich Sizilien huet sech an der Vergaangenheet aus verschiddene geographeschen Zonen zesummegesat, déi net ëmmer identesch bliwwe sinn. D'Kinneke vu Sizilien hunn also net alleguerten iwwert de selwechten Territoire regéiert.
Geographesch ass Sizilien eng dräieckeg Insel am Südoste vun Italien. D'Kinnekräich, wat dësen Numm gedroen huet, huet sech awer iwwer d'Grenze vun der Insel eraus ausgebreed.
Bis zum 11. Joerhonnert war Sizilien zënter 4 Jorhonnerten ënner muslimescher Dominatioun. Normannesch Grofen aus der Famille vun den Hauteville hunn d'Insel eruewert, a sech Grofe vu Sizilien genannt. De Grof Roger II. huet d'normannesch Grofschafte vun Italien ageholl (Apulien, Kalabrien, Capua, Benevento) a krut 1130 vum Poopst den Titel Kinnek vu Sizilien, Apulien, der Lombardei an Afrika, wat d'südlech Halschent vun Italien an d'Insel Sizilien war. D'Kinnekräich ass duerno duerch Bestiednis un d'keeserlech Famill vun den Hohenstaufen iwwergaangen.
1266 huet de Poopst, dee sech mat den Hohenstaufen zerstridden hat, dem Manfred d'Kinnekräich ewechgeholl, an de Charles vun Anjou op den Troun gesat. Bei der Sizilianescher Vesper 1282 koum ët zu engem Opstand an d'Kinnekräich gouf an zwee gespléckt. All Kinnek huet sech selwer als legitim ugesinn, an den Titel Kinnek vu Sizilien weider gedro :
- d'Insel Sizilien, déi a mëttelalterlechen Texter och Sizilien ["di là dal Faro"] genannt gëtt, mat der Haaptstad Palermo. Fir dësen Deel vum Kinnekräich gëtt den Numm Kinnekräich Sizilien benotzt.
- den Deel vum Kinnekräich op der italienescher Hallefinsel, och Sizilien ["di qua dal Faro"] genannt, mat der Haaptstad Neapel. D'mëttelalterlech Historiographie huet dësen Deel och "Regnum apuliae" oder "Regno di Puglia" genannt, an der moderner Historiographie gëtt meeschtens den Ausdrock Kinnekräich Neapel benotzt. Dëst war och den offiziellen Numm um Ufank vum 19. Joerhonnert, ënnert der Herrschaft vun den zwéi Kinneken déi den Napoléon Bonaparte hei installéiert hat.
No der Napoleonescher Ära goufen déi zwee Kinnekräicher nees verbonnen, ët schwetzt een elo vum Kinnekräich vu béide Sizilien.
[Änneren] Wopen
[Änneren] Grofe vu Sizilien (1062-1130)
[Änneren] Normannesch Dynastie vun Hauteville
- 1062-1085 : Robert Guiscard, Jong vum Tancrède vun Hauteville
- 1085-1101 : Roger I., Brudder vum Rober Guiscard.
- 1101-1105 : Simon, Jong vum Roger I.
- 1105-1154 : Roger II., Brudder vum Simon.
-
- 1130 krut de Roger II. d'Kinneklech Investitur vum Géigepoopst Anaklet II..
[Änneren] Kinneke vu Sizilien (1130-1282)
- 1130-1154 : Roger II.
- 1154-1166 : Guillaume I. de Schlechten, Jong vum Virgänger.
- 1166-1189 : Guillaume II. de Gudden, Jong vum Virgänger.
- 1190-1194 : Tancrède vu Lecce, Baaschtert an Enkel vum Roger II.
Zesumme mam Tancrède hu seng zwee Jonge regéiert :
[Änneren] Dynastie vun den Hohenstaufen
- 1194-1197 : Heinrich I., Keeser ënnert dem Titel Heinrich VI.
- 1197-1250 : Friedrich I., Keeser ënnert dem Titel Friedrich II.
Zesumme mat him huet säin eelste Jong regéiert :
- 1250-1254 : Konrad I., och Réimesch-däitsche Kinnek ënnert dem Titel Konrad IV.
- 1254-1258 : Konrad II., Jong vum Konrad I.
- 1258-1266 : Manfred I., Baaschtert vum Friedrich II.
[Änneren] Kapetingesch Dynastie vun Anjou
- 1266-1282 : Charles I., och Grof vun Anjou, agesat vum Poopst.
- 1282, bei der Sizilianescher Vesper, gëtt hie vum Inseldeel vum Kinnekräich verdriwwen.
[Änneren] Deelung vun de Kinnekräicher (1282-1442)
[Änneren] Kinnekräich Sizilien (Insel)Haaptstad : Palermo [Änneren] Haus Barcelona-Aragón
[Änneren] Haus Trastamare
|
[Änneren] Kinnekräich Sizilien (Festland)Haaptstad : Neapel [Änneren] Éischt Dynastie vun Anjou
[Änneren] Haus Anjou-Durazzo[Änneren] Zweet Dynastie vun Anjou
|
|
[Änneren] Kinnekräich vu béide Sizilien (1442-1458)
[Änneren] Deelung vun de Kinnekräicher (1458-1504) |
||
[Änneren] Kinnekräich Sizilien (Insel) |
[Änneren] Kinnekräich Sizilien (Festland)
|
|
[Änneren] Kinnekräich vu béide Sizilien (1501-1714)
[Änneren] Habsburger
[Änneren] Bourbonen[Änneren] Deelung vun de Kinnekräicher (1713-1720) |
||
[Änneren] Kinnekräich Sizilien (Insel)[Änneren] Haus Savoie |
[Änneren] Kinnekräich Sizilien (Festland)[Änneren] Habsburger |
|
[Änneren] Kinnekräich vu béide Sizilien (1720-1799)
[Änneren] Haus Bourbon-Sizilien
[Änneren] Deelung vun de Kinnekräicher (1806-1815) |
||
[Änneren] Kinnekräich Sizilien (Insel) |
[Änneren] Kinnekräich Neapel
|
|
[Änneren] Kinnekräich vu béide Sizilien (1815-1860)
1860 gouf d'Kinnekräich vum Garibaldi eruewert, an huet zum Kinnekräich Italien gehéiert. |