Joaquín Torres García
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joaquín Torres García gebuer den 28. Juli 1874 zu Montevideo, a gestuerwen den 8. August 1949 och do, war en uruguayesche Moler.
Dem Torres säi Papp war Spuenier, an deen ass wéi den Joaquín 17 Joer al war, mat senger Famill nees zréck vum Urugay a Katalonien geplënnert.
Den Torres huet säi Konschtstudium zu Barcelona op der Escuela Oficial de Bellas Artes gemaach.
Wéi den Joaquín Torres 1934 mat senger Famill an den Urugay geplënnert ass, gouf hien den 8. Oktober zum Professer op der Facultad de Arquitectura del Uruguay ernannt.
[Änneren] Seng Schrëften (Auswiel)
- Historia de mi vida, 1939, Publicaciones de la Asociación de Arte Constructivo, Montevideo. Seng Autobiographie, déi hien an der drëtter Persoun geschriwwen huet.
- Histoire de ma vie, 2000, eng Iwwersetzung vun der Catherine Ballestero, Ides et Calendes, Collectioun Pergamines
- Metafísica de la Prehistoria Indoamericana, 1939, Publicaciones de la Asociación de Arte Constructivo, Montevideo
[Änneren] Um Spaweck
- Websäit vum "Museo Torres García vu Montevideo op Spuenesch