Giovanni Bosco
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Don Bosco, eigentlech Giovanni Bosco, gebuer de 16. August 1815 zu Becchi/Turin a gestuerwen den 31. Januar 1888 zu Turin, war en italienesche Sozialpedagog.
De kathoulesche Paschtouer "Don Bosco" huet sech den eleng geloossenen a verwahrloste Kanner ugeholl a fir si 1846 zu Turin-Valdocco een Duerf als dauerhaft Wunnplaz fir 700 Jonker ageriicht.
1857 huet hien d'Kongregatioun vun de Salesianer an den Uerden vun de Maria-Hëllef Schwestere gegrënnt.
1934 gouf den Don Bosco hellëggesprach.