Free Software Foundation
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'1985 vum Richard Stallman gegrënnten Free Software Foundation (FSF) ass eng Organisatioun déi sech fir d'Förderung an Produktioun vu fräier Software asetzt, a versicht, Kapital fir de GNU-Projet zesummenzedroen.
Den 10. März 2001 gouf d'Free Software Foundation Europe gegrënnt, déi sech ëm d'europäesch Besoinsen am Beräich fräi Software këmmert. Als offiziell Duechterorganisatioun vun der amerikanescher Free Software Foundation, konzentréiert si hier Aktivitéite ronderem de GNU-Projet, mee net exklusiv.
Eng vun den Haaptaufgabe vun der FSF Europe ass d'Initiative vu fräier Software ze koordinéieren, e Kompetenzzentrum fir Politiker, Journalisten an Affekoten op d'Been ze stellen an déi néideg Infrastruktur fir fräi Software a speziell de GNU-Projet ze schafen. Mat GNU Savannah gouf zum Beispill esoueng Entwëcklerplattform fir fräi Software geschaf.
Am Februar 2003 huet d'FSF Europe d'Fiduciary Licence Agreement virgestallt, dat europäesche Softwareentwéckleren d'Iwwerdroung vun zäitlech onbegrenzten exlusiven Notzungsrechter a juristesche Vertriedungsrechter un d'FSF erméiglecht.