François-Étienne Musin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De François Musin (François-Étienne), gebuer de 4. Oktober 1820 zu Oostende, a gestuerwen de 24. Oktober 1888 zu Saint-Josse-Ten-Noode, war e belsche Moler.
Hien huet zu der belscher klassescher Schoul gehéiert, an ass bekannt duerch seng Marinebiller. Si stelle Schëffer duer, déi meeschtens am Stuerm mat héije Wellen ze kämpfen hunn. De François Musin war e Schüler vum François Bossuet. Hien huet u villen Expositiounen, zu Wien, Amsterdam, London, Liverpool an Dublin deelgeholl, och an Amerika. Hie war zu senge Liefzäite schonns bekannt an huet héich Auszeechnunge kritt.
Vun him sinn Dekoren an de Casinoe vu Blankenberge an Oostende.
Säi Fils Auguste, 1852-1923, war och Moler an huet, wéi säi Papp, vill Marinebiller hannerlooss, ass awer net sou bekannt gi wéi säi Papp.
[Änneren] Kollektiounen
- Biller vun him ginn ët ënner aneren a Kollektiounen zu Oostende, Bréissel, Antwerpen, Nice, Montreal a London.
[Änneren] Literatur
- Verhaeghe, Julien: De Oostendse kunstschilders François Musin (1820-1888) en Auguste Musin (1852-1923), Oostende, Oostendse Historische Publicaties, 1999.