Flender-Pulli
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Flender-Pulli ass eng hëlze Pulli, bei deeër de Krees an zwou Halschente gedeelt ass, an d'Deeler vun all Halschent bestinn aus e puer Loe vun Holzlamellen déi zesummegeläimt a geschrauft goufen. Tëscht de verschiddene Loë vu Lamelle waren Distanzhëlzer sou datt een eng breet Poulie krut, bei engem niddrege Gewiicht. Déi zwou Halschente goufen op der Well mat Bullonge festgeschrauft.
Sou Poulien huet en haapsächlech an Ateliere fonnt, an deene méi Maschinne mat Rimmer vun enger Haaptwell aus ugedriwwe goufen.
Den Avantage vun dëse Pullie war, datt s'am Vergläich zu massiven Holzpoulien knapps d'Halschent vum Gewiicht haten. Doduerch konnte méi schwaach a méi bëlleg Haaptwelle benotzt ginn, a well se aus dënnen Holzlamellen zesummegesat waren, war et och méi einfach, fir se gutt z'equilibréieren. Meeschtens gouf Bichenholz derfir gebraucht, a wa se ganz licht sollte sinn, ass mat Pëppelholz geschafft ginn.
Den Nodeel war datt d'Flender-Pulli net an engem ze warmen oder ze fiichte Raum konnt benotzt ginn.