FC Barcelona
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den FC Barcelona ass, mat iwwer 150.000 socios (Memberen), de gréisste Foussballclub op der Welt. Dës katalanesche Equipe spillt an der spuenescher "Primera Division" an ass, niewt dem Real Madrid, deen traditiouns- an erfollegraichste Club a Spuenien.
Nieft 2 Champions League-Titelen stellt den FC Barcelona mat 27 Titelen och de Rekord mat de meeschte Coupe-Gewënner a Spuenien. Donieft huet den FC Barcelona nach 19 national Champions-Titele gewonnen. Ausserdem huet dëse Club nach vill aner Coupen an Titele gewonn, sief et de Supercup, den europäesche Supercup, d'Copa Catalunya.
Den FC Barcelona ass ee vu wéinege Veräiner déi et fäerdeg bruecht hun dei 3 "grouss" europäesch Tropheeën, d'Champions League, den Uefa Cup an d'Coupe vun de Coupegewënner, ze gewannen.
[Änneren] Kuckt och