Ernest Arendt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Ernest Arendt gebuer de 6. August 1916 zu Rodange, a gestuerwen den 12. Februar 2003 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Affekot, Auteur a Chargé de Cours op der Universitéit vu Nanzeg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Carrière
- 1947-1948 President vun der Conférence du Jeune Barreau
- 1954-1974: Chargé de Cours op der Nanzeger Universitéit
- 1973-1987: Member vum Staatsrot
- 1976-1978: Bâtonnier vum Ordre des Avocats
- 1981-1983: President vun der Union Internationale des Avocats, hien huet 1981 hire Kongress zu Lëtzebuerg organiséiert
- 1987-1988: President vum Staatsrot
- 1988 huet den Ernest Arendt seng Etude Arendt & Harles mat der Etude Mersch & Medernach zur Etude Arendt & Medernach verschmolt. Dës Etude ass gläichzäiteg mat der Lëtzebuerger Finanzplaz staark gewuess, gouf zu enger vun de gréissten Etuden am Land mat, am Joer 2007, ronn 400 Mataarbechter.
Den Ernest Arendt war Member vun der Section des Sciences morales et politiques vum Institut Grand-Ducal.
Hie war mat der Margot Ferres bestuet an hat zwee Kanner, d'Elisabeth an de Jean-Jacques. Hie selwer war eent vun dräi Kanner vum Max Arendt an der Marthe Wurth. Iwwer seng Groussmamm Jeanne-Marie, genannt "Annette" Collart, ass hien ee Nokomme vun der Schmelzhären-Dynastie Collart.
Hie war de Brudder vum Banquier Georges Arendt, genannt "Bonzo".
[Änneren] Publicatiounen (Auswiel)
- Das luxemburgische Aktienrecht
[Änneren] Noruff
- Harles, Guy: In memoriam Ernest Arendt , S. 11-12, an Annales du Droit luxembourgeois, ISBN 2-8027-2026-0 D / 2004 / 0023 / 131, © 2004 Etablissements Emile Bruylant, S.A.