C. Douglas Dillon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Clarence Douglas Dillon gebuer den 21. August 1909 zu Genf an der Schwäiz, a gestuerwen den 10. Januar 2003 zu New York, war en amerikanesche Politiker (Republikanesch Partei), Ambassadeur a Finanzminister.
[Änneren] Seng Formatioun a säi Liewen
Als Jong vun engem Investmentbanker gebuer, huet hien un der Harvard Universitéit studéiert an huet säi Studium 1931 mat engem Bachelor of Arts-Diplom ofgeschloss. Du huet hie bis 1936 Courtier op der Bourse (New York Stock Exchange) geschafft. Uschléissend ass hien an d'Investmentbank Dillon, Read & Company, déi säi Papp matgegrënnt hat, agetratt. Do huet hie sech bis zum Presidenteposten eropgeschafft.
Am Zweete Weltkrich huet hie fir d'lescht als Lieutenant Commander an der Marine Déngscht gemaach, a gouf och fir seng militäresch Leeschtungen decoréiert.
- 1953: Ernennung duerch den neigewielten USA-President, Dwight D. Eisenhower als Ambassadeur a Frankräich.
- 1957-1958: Stellv.-Ënnerstaatssekretär (Deputy Undersecretary)an dunn Ënnerstaatssekretär am Ausseministère.
- 1959: Stellv. Ausseminister
- 1961-1965: Vum neigewielte President Kennedy gouf hien, obschonns hie Republikaner war, als Finanzminister a säi Kabinett opgeholl. Déi Funktioun konnt hien och ënner dem President Lindsey B. Johnson bäibehalen.
Hie war eng vu de Perséinlechkeeten, déi de gréissten Afloss haten a war ënneranerem mam Problem vum amerikanesche Budgetsdefizit konfrontéiert.
Seng Duechter Joan hat sech 1967 mam Prënz Charel vu Lëtzebuerg bestued.