Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
World Wide Web - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

World Wide Web

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De World Wide Web (kuerz Web oder WWW) ass en interaktivt verdeeltent Hypermedia-System, dat mat Hëllef vum Internet zougänglech gemaach gëtt. Esou ee System besteet aus engem risegen Informatiouns- an Datebëstand, dee mateneen iwwer Hyperlinke verbonnen ass. D'Informatioun ass a sougenannten Hypermedia-Dokumente gespäichert, déi et erméigleche fir net nëmme rengen Text, mee och aner multimedial Dokumenter, wéi Biller oder Audio- a Video-Dokumenter mateneen ze verknëppen.

Dës Dokumenter, oder och Websäite genannt, loosse sech mat Hëllef vun engem Webbrowser vum Webserver eroflueden an duerstellen. Iwwer Hyperlinks kann de Benotzer dann am Dokument op aner Dokumenter verweisen, egal op se op dem selwechte Server oder um aneren Enn vun der Welt op engem gespäichert sinn. Dëse Virgang gëtt dacks als "am Internet surfen" bezeechent.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Entwécklung vum WWW

De World Wide Web ass ufanks den 1990er Joren am Kärfuerschungsinstitut CERN zu Genève (Schwäiz) entstan. D'Iddi vum Tim Berners-Lee war et fir Forschungsdaten an Dokumentatioun op eng einfach Manéier ze verwalten an zougänglech ze maachen. An Zesummenaarbecht mam Belsch Robert Cailliau huet hien deen éischte Webserver Enn 1990 um Lafe gehat. Wéi dunn 1993 deen éischte Webbrowser mat enger graphescher Benotzeruewerfläch ënnert dem Numm Mosaic eraus komm ass, war et och dem Netfachmann méiglech de WWW ze benotzen. Zënterhier ass de Web an domat d'Internet rasant gewuess.

1994 ass du vun der Firma Netscape de Netscape Navigator verëffentlecht ginn an ee Joer drop säi gréisste Konkurrent den Internet Explorer vu Microsoft. Béid Hiersteller hu probéiert hir Maartpositioun duerch Erweiderunge vum bis dato Standard auszebauen, wat am Browser-Krich op een Enn gaang ass. De World Wide Web Consortium (W3C), e Gremium deen 1994 gegrënnt ginn ass, suergt zënterhier fir d'Standardiséierung vun dee verschiddene Web-Techniken. Hautzedags probéieren déi eenzel Hiersteller dës Standards méiglechst vollstänneg ze ënnerstëtzen, wat hinne gréisstendeels och geléngt.

[Änneren] Funktiounsweis

De Web baséiert op dräi Haaptkomponenten:

D'Kommunikatioun am WWW baséiert um Client-Server-Prinzip. De Browser start als Client Kommunikatioun a fuerdert ee bestëmmtent Dokument, wat iwwert eng eendeiteg Adress (URL) gekennzeechent ass, beim Server un. Dofir gëtt den einfachen HTTP-Protokoll genotzt. Ass dat Dokument verfügbar, an de Benotzer autoriséiert op dës Informatioun zouzegräifen, da liwwert de Server d'Dokument aus. Am anere Fall liwwert een eng Feelermeldung. A béide Fäll ass Kommunikatioun domat eriwwer.

Elo muss d'Dokument vum Browser interpretéiert an duergestallt ginn. Wéi dës Duerstellung ausgesäit ass iwwer HTML definéiert. HTML ass eng Beschreiwungssprooch an där Websäite verfaasst ginn. Esou een Dokument beinhalt esouwuel déi eegentlech Informatioun als och d'Informatioun iwwert d'Dokumentestruktur a Form vun Tags.

[Änneren] Web-Technologien

Zu deen dräi Haaptkomponenten si mat der Zäit nach folgend Technike bäikomm:

  • Cascading Style Sheets (CSS) beschreiwen de Layout vu Websäiten, am Géigendeel zu HTML, wou am strenge Sënn just d'Struktur beschriwwe gëtt. Iwwer CSS gëtt zum Beispill festgeluegt, a wat fir enger Schrëftaart, -gréisst an -faarf eng Iwwerschrëft soll duergestallt ginn.
  • Extensible Markup Language (XML) erméiglecht eng gréisser Flexibilitéit wéi HTML. Sou kënnen uwändungsspezifesch Markup-Sproochen definéiert ginn, déi fir speziell Asazberäicher bestëmmt sinn. Wireless Markup Language (WML) baséiert zum Beispill op XML.
  • Skriptsproochen a CGI-Prgramméierung erlaben dynamesch Websäiten. Dës WWW-Säiten gi vum Server (duerch kleng Programmer, déi an enger Skriptsprooch geschriwwe sinn an iwwert CGI-Schnëttstell mam Browser kommunizéieren) oder duerch de Browser (wéi zum Beispill mat Hëllef vu Javascript) generéiert. Duerch si gëtt de WWW interaktiv: Sou kann de Benotzer Afloss op Websäiten huelen, déi en ausgeliwwert kritt.

[Änneren] Literatur

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com