Web Analytics

See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Schwangerschaft - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Schwangerschaft

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Eng Schwangerschaft gëtt an der Humanmedezin den Zäitraum genannt, an dem eng befruchtet Eezell am Kierper vun enger Fra zu engem Kand räift.

Si dauert vun der Befruchtung bis zur Gebuert duerchschnëttlich 266 Deeg oder wann een den Dag vun der Befruchtung net kennt gi 40 Wochen vum éischten Dag vun der leschter Regel u gerechent. Esou lang brauch e Fötus fir sech z'entweckelen an eegestänneg liewen ze kënnen.

Just 4 Prozent vun de Kanner kommen zum gerechneten Datum op d'Welt. 10 Deeg méi oder manner kann et zum Datum variéieren. Eng Gebuert virun der 37. Schwangerschaftswoch gëtt als Fréigebuert bezeechent.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] De Laf vun der Schwangerschaft

[Änneren] Éischten Trimenon

Den éischten Trimenon ass deen éischten Drëttel vun der Schwangerschaft, also déi éischt dräi Méint, a geet vun der Befruchtung bis zur 12. Schwangerschaftswoch.

[Änneren] Schwangerschaftswoch 1 - 4 (1. Mount)

Als Befruchtung oder Konzeptioun gëtt de Moment genannt an dem sëch eng Eezell mat enger Somzell verschmëlzen. Wann d'Eezell sëch dann am Uterus anist, entsteet eng Schwangerschaft. Bei der Befruchtung gëtt schonn d'Geschlecht bestëmmt. Am Eileiter deelt sëch déi befruchten Eezell (Zygote) schonn den éischten Dag. D'Zellen deelen sëch ëmmer méi a wanderen Richtung Uterus, wou se ongeféier de fënneften Dag ukommen. Dës Unioun vun den Zellen gëtt Blastozyst genannt. D'Blastozyst nist sëch dann den 10 Dag am Uterus an. D'Blastozyste deelt sëch dann an di baussent Schicht, den Trophoblast, wouraus sëch d'Plazenta entwéckelt, an den Embryoblast, aus dem den Embryo entsteet. D'Plazenta an den Embryo sinn duerch d'Nuebelschnouer matenee verbonnen. No der 16. Woch kann e mat engem Schwangerschaftstest eng Schwangerschaft feststellen.

[Änneren] Schwangerschaftswoch 5 - 8 (2. Mount)

Den 2. Mount bréngt vill Verännerungen fir di zukünfteg Mamm a weider Fortschrëtter an der Entwécklung vum Embryo.

D'Fruchtwaasser entsteet a beim Embryo si schonn de Kapp, de Kierper an Äerm a Been z'erkennen. D'Gesichtsform bild sëch, de Nervesystem fänkt u sëch z'entwéckelen an d'Häerz schléit scho mat ëm di 145 x an der Minutt. D'Blutgefässer verbannen d'Häerz mat der Plazenta iwwert d'Nuebelschnouer.

Well de Kierper vun der Mamm sëch op d'Schwangerschaft astellt, kënne verschidde Malaisen optrieden, wéi Iwwelzechkeet, Briechreiz an Iwwerginn, déi duerch de Schwangerschaftshormon hCG ausgeléist ginn. Dobäi kënne Middegkeet, Stëmmungsschwankungen an Iwwerempfindlechkeet vun der Broscht kommen.

[Änneren] Schwangerschaftswoch 9 - 12 (3. Mount)

Den Embryo gëtt elo Fötus genannt. D'Haaptorganer, genau esou wéi d'Aan an d'Aalider, d'Fangern an d'Zéiwen, hu sëch geformt. D'Bauchspäicheldrüs an d'Liewer fonktionnéieren.

Bei der Mamm geet d'Leeschtung duerch de vergréisserte Blutvolumen erof an duerch d'Vergréisseren vun de Gefässer kënnen Varicen oder Bludungen an der Nues oder am Zännfleesch optrieden.

[Änneren] Zweeten Trimenon

Den zweeten Trimenon ass deen zweeten Drëttel vun der Schwangerschaft, also den 4, 5 a 6 Mount, a geet vun der 13. bis zur 24. Schwangerschaftswoch.

[Änneren] Schwangerschaftswoch 13 - 16 (4. Mount)

De Fötus fänkt u seng Verdauung an d'Schlecken ze trainéieren. En drénkt kleng Schluppe vum Fruchtwaasser a scheedt dës duerch d'Blos erem aus. D'Hoer an d'Neel fänken u mat wuessen. Um Enn vun dësem Mount entwéckelen sëch d'Genitalien. De Fötus ass elo am Duerchschnëtt 15 cm grouss a 200 g schwéier.

Fir d'Mamm fänkt elo déi méi stabil Schwangerschaftszäit un. Vun elo un geet d'Gewicht pro Mount ongeféier ëm 1 - 1,5 kg erop an d'Kalorienzoufuer soll ganz liicht gesteigert ginn. Schwangerschaftssträife kënnen duerch d'Dehnen vum Bindegewebe entstoen an et kann zu Alagerunge vu Waasser un den Hänn, Äerm, Been a Féiss kommen.

[Änneren] Schwangerschaftswoch 17 - 20 (5. Mount)

De Fötus wiist ëmmer weider. En ass elo schonn esou grouss, dass ab der 18. Woch seng Bewegungen ze spieren sinn. Fir sech géint d'Fruchtwaasser ze schützen bildt sëch un der Haut eng Fettschicht (Vernix caseosa) déi d'Kierpertemperatur regléiert an zum Deel och nach bei der Gebuert do ass.

[Änneren] Schwangerschaftswoch 21 - 24 (6. Mount)

De Fötus kann elo batter vu séiss ënnerscheeden an e reagéiert elo och schonn op optesch an akustesch Reizer vu baussen. En ass elo ongeféier 25 cm grouss a weit 500 g.

[Änneren] Drëtten Trimenon

Den drëtten Trimenon ass dee leschten Drëttel vun der Schwangerschaft, also de 7, 8, 9 an 10. Mount, a geet vun der 25. bis zur 40. Schwangerschaftswoch.

[Änneren] Schwangerschaftswoch 25 - 28 (7. Mount)

De Fötus drénkt elo ëmmer méi Fruchtwaasser. Duerch den erhéijte Bedarf u Fruchtwaasser kritt d'Mamm ëmmer méi Waasseralagerungen an den Hänn a Féiss. D'Waasser gëtt vum Fötus iwwert d'Haut an de Mond opgeholl an a Form vun Urin erëm ausgescheedt. D'Mass vum Fruchtwaasser schwankt während der ganzer Schwangerschaft tëschent 300 ml an 1,5 Liter.

De Fötus kann ab der 28. Woch d'Aa schon opmachen an hell vun deischter ënnerscheeden.

D'Gewicht vun der Mamm hëllt ëmmer méi zou, wouduerch et zu Réckeproblemer féiere kann. D'Otmung fällt och ëmmer méi schwéier, well d'Organer am Kierper ëmmer méi zesummegedréckt ginn an d'Longen doduerch och ëmmer manner Plaz hunn.

Ab der 26. Woch huet de Fötus scho gudd Iwwerliewenschancen. Um Enn vum 7. Mount weit d'Kand ëm di 1000 Gramm an ass am Duerchschnëtt 35 cm grouss.

[Änneren] Schwangerschaftswoch 29 - 32 (8. Mount)

All d'Organer, ausser der Long, sinn elo vollstänneg entwéckelt.

Di éischt Mëllech, och Kolostrum genannt, huet sëch während de leschte Wochen an der Broscht vun der Mamm entwéckelt. Et besteet d'Méiglechkeet, dass se elo schonn a minimaler Quantitéit erauskënnt.

Di éischt Kontraktiounen, oder Senkwéien, kënnen optrieden. Si daueren am Prinzip net laang, +- 20 Sekonnen, a sinn och vu ville Mamme guer net ze spieren. De Bauch gëtt kuerz haard duerch den Uterus dee sech rythmesch zesummen zitt.

Duerch de gestéierte pH-Wert vun der Vaginalschleimhaut kënne Pilzinfektiounen oder bakteriell Infektiounen optrieden, déi an dem Fall behandelt musse ginn.

Um Enn vum Mount wéit de Fötus ongeféier 2000 g an ass ëm di 40 cm grouss.

[Änneren] Schwangerschaftswoch 33 - 36 (9. Mount)

Eng gréng-schwaarz pecheg Mass fëllt d'Gedäerms vum Fötus, d'Mekonium oder Kandspech genannt. Dës si d'Réckstänn aus dem Fruchtwaasser, de Lanugohoer, Schläim a Galeflëssegkeet. No der Gebuert gëtt dës Mass vum Kand ausgescheet.

Spéitsdens elo dréit de Fötus sëch an di endgülteg Gebuertslag.

D'Lanugohoer, déi um ganze Kierper sinn, falen no an no aus.

[Änneren] Schwangerschaftswoch 37 - 40 (10. Mount)

Di lescht Wochen hëlt de Fötus haaptsächlech nach just u Gewicht zou. Iwwert d'Plazenta kritt en d'Anticorpe iwwert de Blutkreeslaf vun der Mamm. De Baby ass ongeféier 48 - 54 cm grouss, weit tëschent 2800 a 4000 gr. an den duerchschnëttleche Kappëmfank ass bei de Jonge 35 cm a bei de Meedercher der 34.

[Änneren] D'Gebuert

[Änneren] Problemer während der Schwangerschaft

[Änneren] Medezinesch Kontrolle während der Schwangerschaft

Bei enger normaler Schwangerschaft, ouni gréisser Komplikatiounen, gi Visiten an engem Ofstand vu 4 Wochen am Ufank vun der Schwangerschaft, an ab der 32. Schwangerschaftswoch all 2 Woche virgeschloen. No dem Termin soll een dann all 2 Deeg eng Visite beim Dokter machen. All d'Ënnersichunge ginn an engem Mammepass festgehalen. Vum Gesetz festgehale si 5 medezinesch Ënnersichunge bei engem Gynécologue, woubäi déi éischt innerhalb denen éischten dräi Schwangerschaftsméint muss sinn, an eng Ënnersichung bei engem Zänndokter. Dëst ass eng vun de Viraussetzungen fir eng Allocation Prénatale ze kréien. Zu denen normalen Ënnersichungen gëtt och am Duerchschnëtt all Trimester engEchographie gemach fir d'Entwécklung vum Fötus z'iwwerwachen.

[Änneren] Ernährung während der Schwangerschaft

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu