Mozilla Firefox
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mozilla Firefox | |
Entwéckler: | Mozilla Foundation |
Lescht Versioun: | 2.0.0.1 (19. Dezember 2006) |
Betribssystem: | Linux, Mac Os X, Windows |
Kategorie: | Webbrowser |
Lizenz: | |
Websäit: | www.mozilla.com/firefox |
De Mozilla Firefox ass en Open Source Browser fir um Internet ze surfen. De Programm baséiert op Gecko, e Module fir d'generéiere vun enger Internetsäit, op deem och schonns den Netscape Navigator baséiert war.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Am Joer 2002 hunn d'Entwéckler vu Mozilla décidéiert och eng verklengert Versioun vum Mozilla-Browser ze programméieren. Am Géigesaz zu dëser, besteet de Firefox just aus engem Browser. Sämtlech aner Fonktionalitéiten, wéi integréiert e-mail Software goufen ewech gelooss.
Am Dezember 2006 ass déi zweet Versioun vun dësem Programm erauskomm. Eng 3. Versioun ass fir Ënn 2007 geplangt.
[Änneren] Den 2te Browser-Krich
Nodeems Microsoft mat sengem Internet Explorer sech géint den Netscape Navigator duerchsetze konnt an eng Monopolstellung ageholl huet, gouf dëse Programm praktescht net méi erneiert.
Aner Software, wéi de Mozilla oder Opera, hu lues a lues nei Saachen agefouert. Déi am meeschte bekannten Neierung ass wahrscheinlech tabbed browsing. Während dës alternativ Browseren awer keen nenneswäerte Succés haten, konnt de Firefox selwer, no verschidden Estimatiounen, bis zu 20 Prozent vum Moart anhuelen. An Europa ass de Browser weesentlech méi am Gebrauch wéi an Amerika.
Nom Succès vum Firefox, huet Microsoft och réagéiert. Mat der Versioun 7, huet dem Bill Gates seng Firma déi Neierungen intégréiert déi aner Browser schonns zanter laangem ubidden. En plus wierkt déi nei Versioun éischter wéi eng Kopie vum Firefox. Dës nei Versioun ass net méi op déi selwecht Manéier am Windows integréiert. Doduerch gëtt de ganze System méi sécher.
Bäi Sécherheetsproblemer brauch Microsoft generell e puer Deeg fir kritesch Problemer ze behiwwen, während dëst bei Mozilla dacks nëmmen e puer Stonnen dauert.
[Änneren] Mozilla Thunderbird
Nom Succés vum Firefox, huet Mozilla och décidéiert en eegestännegen E-mail Client (Thunderbird) ze offréieren.
[Änneren] Um Spaweck