See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lick-Observatoire - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lick-Observatoire

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Lick-Observatoire
Lick-Observatoire

D’Lick-Observatoire ass en astronomescht Observatoire, dat vun der University of California bedriwwe gëtt. Et befënnt sech op enger Héicht vun 1300 Meter op der Spëtzt vum Mount Hamilton, no bei der Stad San Jose, Kalifornien. Et gouf aus der Ierwschaft vum James Lick, engem US-amerikaneschen Pianobauer a Groussgrondbesëtzer finanzéiert.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

D’Lick-Observatoire war den éischten Observatoire, deen op enger Spëtzt vun engem Bierg opgeriicht gouf. Ausschlaggiewend war d’Plaz, déi mat 330 klore Nuechten am Joer an enger roueger Loft ganz gutt Observatiounsbedingungen bitt. D’Spëtzt vum Mount Hamilton läit iwwer dem Niwwel, dee sech oft iwwer d’Bucht vu San Francisco leet.

Ir mam Bau vum Observatoire ugefaangen konnt ginn, huet missen eng Strooss op d’Plaz gebaut ginn. D’Baumaterial huet alles missen mat Päerd a Mauldéierkaren eru geschafft ginn. Ronn 360 (!) Kéieren féieren erop op d’Spëtzt vum Bierg.

De Bau vum Observatoire dauert vun 1876 bis 1887. De Kierper vum 1886 verstuerwenen Lick gouf 1887 op dem Gebitt bäigesat. Eng Messengtafel dréit déi einfach Inschrëft: Here lies the body of James Lick.

Den 91-cm-Refraktor war bei der Aweiung den 3. Januar 1888, dat weltwäit gréisste Lënsenteleskop. Am Abrëll 1888 gouf d’Observatoire der Universitéit vu Kalifornien iwwerginn.

Mat dem Wuestum vu San Jose an dem Silicon Valley gouf d’Liichtverschmotzung zu engem groussen Problem fir d’Observatioun. Am Joer 1980 gouf dofir e Programm an d’Liewe geruff fir d’exzessiv Beliichtung ze reduzéieren. Sou gouf z.B. d’Stroossebeliichtung op Nidderdrock-Natriumdampluuten ëmgestallt. Dës Moossnamen féierten dozou, datt de Mount Hamilton weider als astronomescht Fuerschungsstatioun genotzt ka ginn.

Niewen dem historeschen Refraktor gouf am Laf vun der Zäit weider Teleskope op dem Gebitt opgeriicht.

[Änneren] Ausstattung

Folgend Instrumenter ginn zur Zäit um Lick-Observatoire agesat:

  • 91-cm-Lick-Refraktor
  • C. Donald Shane 3-m-Spigelteleskop
  • Carnegie 50-cm-Doppel-Refraktor
  • Anna L. Nickel 1-m-Spigelteleskop
  • Edward Crossley 90-cm-Spigelteleskop
  • Coudé-Spigelteleskop 60 cm
  • Tauchmann 50-cm-Spigelteleskop
  • 135-mm-CCD-Koméiten-Kamera
  • Katzman Automatic Imaging Telescope (KAIT), ein 76-cm-Spigelteleskop fir automatesch Himmelsfotoen.

[Änneren] Entdeckungen

Déi folgend Himmelskierper goufen um Lick-Observatoire entdeckt.

[Änneren] Jupitermounden

Moundes vum Planéit Jupiter:

  • Amalthea
  • Ananke
  • Elara
  • Himalia
  • Lysithea
  • Sinope

[Änneren] Exoplanéiten

Folgend Exoplanéiten goufen entdeckt:

  • Dräifachsystemer
    • Ypsilon Andromedae (zesummen mat dem Whipple-Observatoire)
    • 55 Cancri
  • Duebelsystemer
    • HD38529 (zesummen mat dem Keck-Observatoire)
    • HD12661 (zesummen mat Keck)
    • GJ876 (zesummen mat Keck)
    • 47 Ursa Majoris

[Änneren] Asteroiden

  • (29075) 1950 DA

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -