International Raumstatioun ISS
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
International Raumstatioun | |
---|---|
ISS am Dezember 2006, Foto vum Space Shuttle Discovery |
|
Logo | |
Moossen an Ennausbau | |
Spannwäit: | 108,6 m |
Längt: | 97,9 m |
Déift: | 27,5 m |
Rauminhalt: | 1.140 m3 |
Mass: | 400 t |
Ëmlafbunn | |
Apogäum: | 330-410 km[1] |
Perigäum: | 330-390 km[1] |
Bunnschréicht: | 51,6° |
Ëmlafzäit: | 92 min |
Relativgeschwindigkeet: | 29.000 km/h |
Energieversuergung am Ennausbau | |
Elektresch Leeschtung: | 110 Kilowatt |
Solarzellenfläch: | 4.500 m2 |
D'International Raumstatioun (engl. International Space Station, ISS) ass eng an internationaler Kooperatioun entstanen, nach net komplett fäerdeggestallten, awer schonns besate Raumstatioun. Um Projet sinn nieft der amerikanescher NASA an der russescher Raumfaartagentur Roskosmos och europäesch Staate bedeelegt. All ESA-Staaten ausser Groussbritannien, Irland, Portugal, Éisträich, Finnland a Griicheland hunn de Vertrag iwwer de Bau vun der Statioun am Joer 1998 ënnerschriwwen. Weider bedeelegt sinn d'kanadesch an d'japanesch Raumfaartagenturen. Brasilien hat mat den USA e separat Ofkommen iwwer d'Notzung vun der ISS.
D'Pläng fir eng grouss, international Raumstatioun gi bis an déi 1980er Joeren zréck. D'Statioun war deemools nach ënner dem Numm (Freedom oder Alpha) geplangt. D'ISS ass zënter 1998 am Bau an ass am Moment dee gréissten vu Mënschenhand geschafenen Objet am Äerdorbit. Si kreest an ca. 350 km Héicht mat enger Bunnschréiecht vun 51,6° all 92 min ëm d'Äerd a soll no hirer Fäerdegstellung am Joer 2010 maximal Ofmiessunge vun ongeféier 110 x 90 x 30 m erreechen. Dono soll si mindestens bis an Joer 2016 weiderbedriwwe ginn.
Wéinst der weltwäitern Kooperatioun an den ëmfankräichen Investitiounen kann d'ISS als de gréissten zivillen an internationale Projet vun der Geschicht bezeechent ginn. Dëst huet besonnesch nom Enn vum Kale Krich an dem Bäitrëtt vu Russland zum Projet ee bedeitende Symbolwäert.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Internationale Raumstation – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ISS-Seite der NASA (en)
- Raumfahrer.net
- Animationsvideo, das den Aufbau der ISS zeigt (nach den aktuellen Planungen vom April 2006)
- Heavens-Above (en)
- ISS-Link für Unterricht und Schule auf dem NRW-Bildungsserver
- Fotos der NASA zur ISS – héich Opléisung
- Satellite Sighting Information – Zäiten a Plaze vun der ISS a Shuttles um Nuetshimmel