Hekatoncheires
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Hekatoncheires (gr. déi mat den honnert Hänn) oder Hekatoncheiren, Kanner vun der Gaia, 3 Risen mat 100 Ärm a 50 Käpp. Hier Nimm waren Briareos (enger anerer Versioun no Aigaion), Kottos a Gyges. Vun hierem Papp Uranos si si an den Tartaros verbant ginn mee vum Zeus erem befreit ginn fir dat si him am Kampf géint d'Giganten an d'Titanen sollten hëllefen. Si hu vun do uns um Olymp gelieft.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |