Eugene Shoemaker
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Eugene Merle (Gene) Shoemaker, gebuer den 28. Abrëll 1928 zu Los Angeles, gestuerwen den 18. Juli 1997 zu Alice Springs, Australien, war en US-amerikanesche Geolog an Astronom. Bekannt gouf hien als Matentdecker vum Koméit Shoemaker-Levy 9 (mat senger Fra Carolyn Shoemaker an dem David Levy).
A senger Promotiounsaarbechtt an der Princeton Universitéit konnt den Dr. Shoemaker beweisen, datt de Barringer-Meteorkrater tatsächlech duerch e Meteoritenaschlag entstanen ass. 1960 konnt en noweisen, datt och d'Nördlinger Ries duerch e Meteoritenaschlag entstanen ass.
Am Joer 1961 huet hien den Astrogeologesche Fuerschungsprogramm vum United States Geological Survey gegrënnt a war och den éischten Direkter dovun. Weider war hie bedeelegt un der Lunar Ranger-Missioun an um Training vun den amerikaneschen Astronauten fir den Apollo-Programm.
Seng Carrière an der Astronomie ass 1973 ugaangen, wou hien um Palomar Observatoire ugefaangen huet no Asteroiden a Koméiten ze sichen, déi d’Ëmlafbunn vun der Äerd gekräizt hunn. Spéider ass hie vun senger Fra Carolyn an dem David Levy ënnerstëtzt ginn. Niewent der Entdeckung vum Koméit Shoemaker-Levy 9 konnt dës Grupp vun Astronomen d’Entdeckung vu ronn 30 weidere Koméiten a vun ongeféier 800 Asteroide maachen.
Den Eugene Shoemaker ass 1997 bei engem Autosaccident zu Alice Springs leie bliwwen. Seng Äsche sinn vun der Raumsond Lunar Prospector op de Mound bruecht ginn.
[Änneren] Literatur
- David H. Levy: Shoemaker by Levy: The Man Who Made an Impact. Princeton University Press, 2002, ISBN 0691113254